D’Museksarchiv vum Alphonse Foos ass elo iwwer a-z.lu zougänglech

Musekssammlung vum Cedom

De Cedom huet viru kuerzem d’Museksarchiv vum Alphonse Foos um Portal a-z.lu verëffentlecht. Et handelt sech ëm dat éischt Archiv vum Cedom, dat nom RNAB-Standard (Ressourcenerschließung mit Normdaten in Archiven und Bibliotheken) katalogiséiert gouf, engem System, dat besonnesch a Literaturarchiven ugewant gëtt.

Dank dësem internationale Standard kënnen eenzel Dokumenter aus dem Archiv elo online recherchéiert a reservéiert ginn. D’Archiv ëmfaasst ënner anerem Partituren, d’Korrespondenz, Liewens­dokumenter a verschidde Sammel­stécker vum Alphonse Foos, deen och als Literatur­kritiker an als Museks- an Däitschproff zu Esch-Uelzecht bekannt war.

Dës Online-Verëffentlechung stellt e wichtege Schratt vum Cedom duer, dee sech permanent dorëms këmmert, de musekalesche Patrimoine vu Lëtzebuerg accessibel ze maachen.

Zougrëff via a-z.lu

Aktualiséiert den