Lëtzebuerger Fräiheetslidder: Geschicht a Politik am Lidd Les Carnets didactiques du Cedom – De Litty – Nummer 7

Verëffentlechungsjoer
2018
Auteur
Georges Urwald
Editeur
Bibliothèque nationale du Luxembourg / Centre d’études et de documentation musicales (Cedom)
Sprooch(en)
Luxembourgeois
Säitenunzuel
56
Zort(en)
Pädagogescht Material
ISBN
978-99959-916-6-1
ISSN
2354-4732
Präis
10 €

Beschreiwung

Zusammefaassung

Déi siwent Nummer vun De Litty behandelt d’Geschicht vu Lëtzebuerg tëscht 1830 a 1945 unhand vun enger representativer Auswiel u Lidder mat engem politesche Message. Dës Lidder denoncéieren, kritiséieren, oder setzen sech fir eppes an. Si schwätzen hir Matmënschen direkt un a spigelen d’Zäit erëm, an där si entstane sinn. Dëse Band erkläert dës Lidder, déi d’Geschicht an d’Entwécklung vum Land gepräägt hunn, a hëlleft de Schüler, d’Vergaangenheet vu Lëtzebuerg besser ze verstoen.

Dëst geschitt op spilleresch an informativ Aart a Weis. Et gëtt sech interdisziplinär mam Thema auserneegesat, fir de Schüle e breeden Iwwerbléck ze verschafen a fir hiert Verständnes an Analyskompetenz ze stäerken.

Iwwert d’Serie

D’Carnets didactiques – De Litty gi vum Cedom an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend publizéiert. Si riichte sech un Enseignanten a Schüler aus der Primärschoul an dem Lycée, mee stinn awer och all interesséiert Persoun zur Verfügung. D’didaktesch Hefter sollen den Enseignanten déi noutwenneg Informatiounen a Materialie liwweren, fir de Kanner a Jugendlechen dat kulturellt Liewe vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen.

D’Sammlung De Litty ass d’Wierk vum Enseignant a Museker Georges Urwald, dee vun der Ënnerstëtzung vum Cedom an deem senge räiche Sammlunge profitéiert. D’Figur vum jonke „Litty“, inspiréiert vum Interpret a Kabarettist Pierre-Toussaint Stefani (1872-1932), an erschaf vum Lëtzebuerger Kënschtler Andy Genen, fungéiert als spillerescht Leitmotiv a féiert de Lieser duerch déi verschidden Themen.

Aktualiséiert den