Jazz zu Lëtzebuerg Les Carnets didactiques du Cedom – De Litty – Nummer 4
-
AbléckTélécharger Abléck
-
AbléckTélécharger Abléck
-
AbléckTélécharger Abléck
Beschreiwung
Zusammefaassung
Déi véiert Nummer vun De Litty setzt sech mam Jazz zu Lëtzebuerg auserneen. Dëst geschitt op spilleresch an informativ Aart a Weis. Kräizwuerträtselen, Spiller fir Gruppen an Nolauschter-Seancë ginn hei mat Texter, Interviewen a grafeschen Iwwersiichtstafelen zum Jazz zu Lëtzebuerg verbonnen: vun den Ufäng bis an haut. Et gëtt sech interdisziplinär mam Thema auserneegesat, fir de Schüle e breeden Iwwerbléck ze verschafen a fir hiert Verständnes an Analyskompetenz ze stäerken.
Iwwert d’Serie
D’Carnets didactiques – De Litty gi vum Cedom an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend publizéiert. Si riichte sech un Enseignanten a Schüler aus der Primärschoul an dem Lycée, mee stinn awer och all interesséiert Persoun zur Verfügung. D’didaktesch Hefter sollen den Enseignanten déi noutwenneg Informatiounen a Materialie liwweren, fir de Kanner a Jugendlechen dat kulturellt Liewe vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen.
D’Sammlung De Litty ass d’Wierk vum Enseignant a Museker Georges Urwald, dee vun der Ënnerstëtzung vum Cedom an deem senge räiche Sammlunge profitéiert. D’Figur vum jonke „Litty“, inspiréiert vum Interpret a Kabarettist Pierre-Toussaint Stefani (1872-1932), an erschaf vum Lëtzebuerger Kënschtler Andy Genen, fungéiert als spillerescht Leitmotiv a féiert de Lieser duerch déi verschidden Themen.
Änlech Artikelen
Vläicht interesséiert Iech och...
Aktualiséiert den