D’Carnets didactiques - De Litty gi vum Cedom an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend publizéiert. Si riichte sech un Enseignanten a Schüler aus der Primärschoul an dem Lycée, mee stinn awer och all interesséiert Persoun zur Verfügung. D’didaktesch Hefter sollen den Enseignanten déi noutwenneg Informatiounen a Materialie liwweren, fir de Kanner a Jugendlechen dat kulturellt Liewe vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen.
D’Sammlung De Litty ass d’Wierk vum Enseignant a Museker Georges Urwald, dee vun der Ënnerstëtzung vum Cedom an deem senge räiche Sammlunge profitéiert. D’Figur vum jonke „Litty“, inspiréiert vum Interpret a Kabarettist Pierre-Toussaint Stefani (1872-1932), an erschaf vum Lëtzebuerger Kënschtler Andy Genen, fungéiert als spillerescht Leitmotiv a féiert de Lieser duerch déi verschidden Themen.