Lëtzebuerger Fräiheetslidder 2: Geschicht a Politik am Lidd
Les Carnets didactiques du Cedom – De Litty – Nummer 8
Beschreiwung
Zusammefaassung
Déi aachte Nummer vun De Litty beschäftegt sech mat der Museksproduktioun zu Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich. D’Nokrichszäit ass gepräägt vum Entstoe vum politesche Cabaret, dee wichteg gesellschaftlech a politesch Themen uschneit: de Kale Krich, Immigratioun, Rassismus, international Politik, d’Revolte vu 1968, d’feministesche Beweegung oder och de Wunnengsnoutstand.
Dëst geschitt op spilleresch an informativ Aart a Weis. Et gëtt sech interdisziplinär mam Thema auserneegesat, fir de Schüle e breeden Iwwerbléck ze verschafen a fir hiert Verständnes an Analyskompetenz ze stäerken.
Iwwert d’Serie
D’Carnets didactiques – De Litty gi vum Cedom an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend publizéiert. Si riichte sech un Enseignanten a Schüler aus der Primärschoul an dem Lycée, mee stinn awer och all interesséiert Persoun zur Verfügung. D’didaktesch Hefter sollen den Enseignanten déi noutwenneg Informatiounen a Materialie liwweren, fir de Kanner a Jugendlechen dat kulturellt Liewe vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen.
D’Sammlung De Litty ass d’Wierk vum Enseignant a Museker Georges Urwald, dee vun der Ënnerstëtzung vum Cedom an deem senge räiche Sammlunge profitéiert. D’Figur vum jonke „Litty“, inspiréiert vum Interpret a Kabarettist Pierre-Toussaint Stefani (1872-1932), an erschaf vum Lëtzebuerger Kënschtler Andy Genen, fungéiert als spillerescht Leitmotiv a féiert de Lieser duerch déi verschidden Themen.
Änlech Artikelen
Vläicht interesséiert Iech och...
Aktualiséiert den