Pressecommuniqué
D’Lëtzebuerger Kënschtlerin Tina Gillen huet der Nationalbibliothéik hiert gesamt grafescht Wierk geschenkt.
Doduerch garantéiert si net nëmmen d’Erhale, mee och eng laangfristeg Verankerung vun hire Wierker an national Sammlungen.
Tina Gillen (1972 zu Lëtzebuerg gebuer) gëllt als eng vun de bedeitenden Perséinlechkeeten an der Lëtzebuerger zäitgenëssescher Konscht. Virun allem fir hir Molerei bekannt, setzt si Motiver aus dem Alldag – Interieuren, architektonesch Fragmenter, Landschaften – a kloer Formen a stëmmungsvoll Biller ëm. Anengems huet si och e kohärent grafescht Wierk geschaf.
Hir Drockgrafiken weisen, wéi si Technike wéi Siebdrock, Lithografie a Linolschnëtt als Experimentéierfeld fir hir kënschtleresch Sprooch notzt. Dës Wierker si vill méi wéi e réngt Mëttel zur Reproduktioun: si ginn nei Perspektiven a beweegen sech tëscht Realitéit an Abstraktioun, Proximitéit an Distanz.
Nach bis Dezember 2025 kéint Dir d'Wierk vun der Kënschtlerin am Liessall vun de d’Nationalbibliothéik gesinn.
Aktualiséiert den