D'ikonographesch Sammlung erweidert sech ëm 315 original Drockgrafiken Dépôt vun Empreinte atelier de gravure a.s.b.l

Ikonographesch Sammlung

Den 21. Mäerz 2023 huet d‘Associatioun Empreinte atelier de gravure der Nationalbibliothéik e grousst Ensembel vun 315 Drockgrafike vun 79 renomméierte Kënschtler iwwerreecht an domadder wesentlech d‘ikonographesch Sammlung vun der Institutioun erweidert.

D‘BnL freet sech iwwert dësen Dépôt, deen et hir erméiglecht déi zäitgenëssesch Drockgrafik ze promouvéieren an eng optimal Konservéierung an adaptéierten a séchere Raimlechkeeten ze garantéieren.

Och de Guy Langevin, en Moler a Lithograph aus Kanada, begréisst  dësen Dépôt, dee véier vu sengen Originalwierker enthält: „Et ass eng exzellent Saach, si [d’Wierker] vun der Nationalbibliothéik konservéieren a betreien ze loossen. Op dës Manéier ginn der Sammlung eng grouss Laangliewegkeet an esou wuel lëtzebuergeschen ewéi internationale Kënschtler eng breet Visibilitéit verschaaft.“

(v.l.n.r.) Diane Jodes, Claude D. Conter, Pit Wagner, Anneke Walch.

Ënner den 315 Grafike sinn der vill aus Lëtzebuerg, wéi zum Beispill d‘Wierker vun de Kënschtler Diane Jodes, Sus Hierzig, Sylvie Karier, Isabelle Lutz, Flora Mar, Pit Wagner, Anneke Walch an Désirée Wickler.

Den Dépôt enthält och Wierker vun net-lëtzebuergesche Kënschtler wéi de Bo Halbirk, de Michael Goro, d‘Anne Heyvaert, de Guy Langevin, d‘Laureline Lê, d‘Ishida Fumi an de Struan Hamilton, déi Empreinte atelier de gravure duerch vun der Associatioun offréierte Boursen an Openthalter bäigetruede sinn.

Dës ass net déi éischte Kéier, datt d‘Nationalbibliothéik an Empreinte atelier de gravure zesumme kooperéieren. Am Joer 2022 haten sech déi zwou Ariichtunge schonns op d‘Critèren an d‘Bedéngunge fir den Dépôt legal vu grapheschen Dokumenter gëeenegt, déi besoen datt ab enger Oplo vun 10 Exemplairen, een dovunner bei der BnL agereecht muss ginn.

D‘Drockgrafik an d‘Gravure

D‘Technike vum Gravéieren a vun der Drockgrafik gi säit Joerhonnerten agesat fir Konschtwierker an etlechen Exemplairen hierzestellen a fir esou eng grouss Verbreedung vun de Biller ze erméiglechen. D‘Drockgrafik gouf Laangzäit als en Art mineur an eng simpel Form vun der Reproduktioun ugesinn, mee huet sech an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert zu enger eegestänneger Konschtform entwéckelt. D‘Drockgrafik huet vill Formen, vum Relief- an Déifdrock, iwwer Holzgravuren, Kofferstéch, Lithographien a Seriegraphië bis hin zu méi experimentellen Techniken.

Den Empreinte atelier de gravure

Den Empreinte atelier de gravure a.s.b.l. gouf am Dezember 1994 vun 13 Graveure gegrënnt. Dës Associatioun bitt Aféierungscoursen an och Fachausbildungen un a setzt sech fir d‘Transmissioun vun traditionellem Fachwëssen an. Haut huet Empreinte ongeféier véierzeg aktiv Memberen, déi dësen eenzegaartegen Atelier zu Lëtzebuerg um Liewen erhalen.

Aktualiséiert