Neit Konschtwierk permanent am Liessall ausgestallt “Apple dreams” vum Diane Jodes

Ikonographesch Sammlung

D’Visiteure vun der Nationalbibliothéik kënnen ab elo en neit Konschtwierk am Liessall entdecken, datt virun zwee Joer kaf an an d’ikonographesch Sammlung integréiert ginn ass. Apple dreams vum Diane Jodes ass e monumentalen Holzschnëtt an déi gréissten Drockgrafik aus eiser Sammlung. Dat 2 Meter op 1,5 Meter grousst Bild gouf op extra staarkem Pabeier gedréckt, datt d’Gewiicht vun enger Dampwalz erdroe misst. Trotz dëser éischter graffer an experimenteller Hierstellung weist d’Konschtwierk eng eenzegaarteg Déift an Originalitéit ob an huet d’Charakterzich vun engem Meeschterwierk vun der moderner Drockgrafik.

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg besëtzt verschidden ikonographesch Sammlungen iwwer d’Geschicht, d’Geographie, d’Politik, d’Bräich, d’Kultur an d’Perséinlechkeete vu Lëtzebuerg, grad och wéi original Drockgrafiken, déi vun Donen, vum Dépôt legal an vun cibléierten Acquisitioune vu Wierker vu lokale Kënschtler kommen, déi am Beräich vun der Estampe täteg sinn.

D’Drockgrafik vum Diane Jodes ass um Rez-de-chaussée vum Liessall ausgestallt.

Apple dreams ass 2020 wärend der Kënschtlerresidenz am Lëtzebuerger Dréckereimusée Kulturhuef zu Gréiwemaacher entstanen. Den Holzschnëtt ass déi eelste Relieftechnik an der Drockgrafik, bei där de Kënschtler e Bild an d’Uewerfläch vun engem Stéck Holz ritzt an en esou déi Deeler, déi gedréckt ginn, un der Uewerfläch stoe léisst an déi Deeler, déi net gedréckt ginn, ewech schneit. Fir dëst Konschtwierk – eng Reflexioun iwwer d’Roll vun der Wëssensvermëttelung vum Zäitalter vum Gutenberg bis bei de Steve Jobs – verschafft d’Jodes déi verschidde Bedeitungsniveauen zu engem eenzegaartege Bild.

Andeem si d’Luther-Zitat “Auch wenn ich wüsste, dass morgen die Welt zugrunde geht, würde ich heute noch einen Apfelbaum pflanzen” a Gutenberg-Schrëft an den ieweschte Rand vum Bild setzt an den Äppelbam aus engem Koup Buschtawen amplaz aus dem protestantesche Glawe wuesse léisst, hëllt si dem Saz seng mystesch a reliéis Bedeitung ewech a verbënnt e mam Ufank vun der Alphabetiséierung. Den Äppelbam wiisst aus engem déifbloen Hannergrond, dee mat wäisse Punkten iwwerséit ass – d’Plazen op deenen Computerplatinnen geléit ginn, déi d’Verbindung tëscht de Leitungen an de Baudeeler sécherstellen – an mécht den donkelen Hannergrond esou mat Wëssen méi hell.

Méi Informatiounen iwwer d’Kënschtlerin an hir Technik fannt Dir an engem Flyer, deen nieft dem Konschtwierk ausläit.

Aktualiséiert