Donatioun vum Grafikportfolio “Pandora” un d’BnL Empreinte atelier de gravure a.s.b.l. an Atelier Bo Halbirk

Ikonographesch Sammlung

Am Kader vun der Ouverture vun der Ausstellung mam selwechten Numm an der Abtei Neimënster hunn de Lëtzebuerger Kollektiv Empreinte atelier de gravure a.s.b.l. an den Atelier Bo Halbirk de Grafikportfolio Pandora a Presenz vum Diane Jodes an dem Pit Wagner souwéi dem Christiane an Halfdan Halbirk un d’BnL iwwerreecht.

De Portfolio ëmfaasst 50 Grafikwierker vun 48 x 38 cm, déi als Hommage un den dänesche Moler an Grafikkënschtler Torben Bo Halbirk entstane sinn an elo an d’Sammlung vun der Nationalbibliothéik integréiert ginn. Lëtzebuerg ass mat 15 Wierker vertrueden, de Rescht kënnt vu Kënschtler:innen aus 15 verschiddene Länner. De Portfolio gëtt ergänzt duerch eng kleng Gipsstatu vum däitsche Kënschtler Peter Bracht. „Mir si ganz houfreg an dankbar fir dëse wäertvolle Kaddo“, seet d’Sammlungskuratorin Stefanie Zutter. „Déi 51 Konschtwierker passe wonnerbar zum inhaltleche Schwéierpunkt vun onser Sammlung vu Lëtzebuerger Kënschtlergrafiken an erweideren se ëm wichteg aktuell Positiounen an der internationaler Konscht.“

(v.l.n.r.) Yvonne Simon (L) People Moving I, Pointe sèche ; Jaana Antola (L) Hope, Eau forte, auqatinte ; Sylvie Karier (L), Pandora’s Calendar, Eau forte, mine de plomb, clips colis ; Valerie Vahey (IRL) A la mémoire de Bo, Gravure sur bois

Den Torben Bo Halbirk huet eng wichteg Roll fir den Atelier Empreinte gespillt: Duerch seng Tätegkeet als Enseignant op der CEPA Summerakademie koum den Halbirk a Kontakt mat Lëtzebuerger Grafikkënschtler:innen an huet hinne gehollef, 1994 hiren eegene Gravuresatelier – den Atelier Empreinte – ze grënnen, deen elo ronn 40 aktiv Memberen zielt. D’Sylvie Karier erënnert sech am Kader vun der Iwwerreechung vum Portfolio un d'Bedeitung vum Bo Halbirk: „Après presque trente ans d'activités on peut affirmer que Bo, visionaire qu'il était, nous a fait un beau cadeau avec l'idée de cet atelier, dont finalement le monde artistique du Luxembourg profite aussi.”

D’Wierker vun den 51 Artisten, déi all am kënschtlereschen Austausch mat den Atelieren Empreinte (Lëtzebuerg) a Bo Halbirk (Paräis) stinn, illustréieren den Impakt an den Afloss vum dänesche Kënschtler an enger Hommage u seng lescht Grafikserie Pandora, déi een domat och als e wichtegt Vermiechtnes verstoe kann.

D'Grafikserie Pandora

Halfdan Halbirk, demKënschtler säi Jong, gëtt en Iwwerbléck erkläert wéi et zum Pandora-Projet koum an ënnersträicht dobäi besonnesch d‘Zesummenaarbecht vun den zwee Atelieren: „Après la disparition de mon père en 2018, nous avons très vite parlé avec Sylvie Karier, membre fondatrice de l'atelier Bo Halbirk et Diane Hall Jodes, à l'époque présidente de l'atelier Empreinte, d'essayer d'organiser un projet commun pour maintenir et réaffirmer l'amitié entre nos deux ateliers. Nous avons donc demandé à ses amis et collègues artistes de créer une estampe dont le thème serait Pandora, un prétexte pour montrer la diversité artistique et culturelle qui l'entourait, et donner l'occasion à ses amis artistes de lui rendre un dernier hommage. Vous noterez une exception en la présence d'une sculpture de Peter Bracht, qui fut notre voisin d'atelier pendant les 31 dernières années.”

Den Halbirk huet Pandora als Titel fir seng lescht Drockserie gewielt. Ënner kengen Ëmstänn sollt dëst als Uspillung op déi verhängnisvoll Bécks verstane ginn. Villméi symboliséiert de Numm eng schéin, lackeleg Kreatur, déi vum kënschtleresch talentéierte Gott vum Feier  Hephaistos op Uweisung vum Zeus, dem Papp vun de Gëtter, geschaf gouf. Fir de Bo Halbirk huet si offensichtlech de Medium vun der Grafik symboliséiert – woubäi duerchaus och d’Onberechenbarkeet vun der Béchs, souwéi dat méiglecht Onheel dat hiert Opmaache mat sech bréngt, net iwwersi ka ginn.

(v.l.n.r.) Pandora, Gravure sur linoléum 8 couleurs; Diane Jodes : Hope Remains, Eau forte, aquatinte; André Botzem : Die Geister, die ich rief, Gravure sur bois, 3 matrices

D’Méiglechkeete vun der Grafikkonscht verlaangen souwuel speziellt Material wéi och d’Fachwëssen, iwwert dat den Halbirk net nëmme verfüügt, ma dat hien och un Anerer vermëttelt huet. Hien huet sech net als Léiermeeschter gesinn, mä als Partner am kreative Prozess, wéi der vill bezeien déi mat him geschafft hunn.

Datt et dem Halbirk manner ëm seng eege Renommée wéi ëm de Fortschrëtt vum artistesche Medium goung, beweist net zulescht d’Tatsaach, datt hien dacks säin eegenen Numm hannert deem vu senge Kënschtlerkolleege verschwanne gelooss huet, zum Beispill wann hien als Editeur opgetrueden ass, an domat e weidere wichtege Bäitrag zum kreativen a kulturelle Räichtum vun der Drockgrafik am 20. an 21. Joerhonnert geleescht huet.

De Grafikportfolio „Pandora”.

Iwwert de Bo Halbirk

Den dänesche Kënschtler, deen 2018 gestuerwen ass, huet d’Landschaft vun der internationaler Drockgrafik nohalteg gepräägt an besonnesch zu Lëtzebuerg d’Entwécklung vun der Grafikkultur, promovéiert.

Zu Paräis huet den Halbirk wärend Joerzéngten en Atelier tëscht dem Père Lachaise an der Bastille gefouert, deen sech op Déifdrock an seng kënschtleresch Applikatioun spezialiséiert huet: Engersäits sinn do déi dréche Prozesser wéi Pointe sèche, Kofferstëch, Schabtechnik (Mezzotinto), déi op der physescher Behandlung vun der Drockplack baséieren, anerersäits déi sougenannten naass Intaglio-Technike wéi Ätzradéierung, Aquatinta an och Vernis Mou bei deenen d’Matriz mat engem chemeschen Mordant beaarbecht gëtt. Dës Technike baséieren op Verdéiwungen an den Dréckstäck, an deene sech d’Tënt sammelt, déi, wann se op den Drockmedium iwwerdroe gëtt, d’Linnen, d’Muster an d’Faarftéin vum Bild erginn. Intaglio-Prozesser erméiglechen eng aussergewéinlech héich Detailreproduktioun, nuancéiert Faarwen, d'Reproduktioun vun Texturen a souguer haptesch Qualitéiten. Wichteg sinn och déi prezis Kontroll vun der Faarf an d’Upassen vun der Quantitéit vun der Tënt an de Verdéiwunge vun der Drockplack. Den Atelier Bo Halbirk befënnt sech elo zu Montreuil a féiert seng Aktivitéite weider.

Aktualiséiert