Bibliobussen aus der ganzer Welt hunn sech zu Lëtzebuerg getraff

Bicherbus

De 5. a 6. September 2026 huet Lëtzebuerg den internationale Kongress vun de mobile Bibliothéiken empfaang. D’Veranstaltung gouf an der Nationalbibliothéik a Presenz vum Kulturminister Eric Thill organiséiert. Si huet Fachleit aus verschiddene Länner zesummebruecht, fir Erfarungen auszetauschen a gemeinsam iwwer d’Zukunft vun de Bicherbussen nozedenken.

Den éischten Dag stoung am Zeeche vu Best Practices an den Entwécklungen am Beruff. Déi verschidde Presentatiounen hunn ënnerschiddlech Theme behandelt, dorënner d’Versuergung vu ländleche Regiounen, d’Plange vun den Touren, d’Roll vu Bibliobussen a Krisesituatiounen an hir sozial Funktioun. Am Nomëtteg goufen d’Diskussiounen iwwer de Bicherbus vun der Zukunft weidergefouert, mat Projeten zu lokale Servicer, zum Konzept vun der Open Library, zu neien Technologien an zu der Mobilitéit.

A senger Begréissungsried huet den Direkter vun der BnL, de Claude D. Conter, drun erënnert, datt mobil Bibliothéiken och am digitalen Zäitalter näischt un hirer Relevanz verluer hunn. D’Digitaliséierung erméiglecht zwar en direkten Zougang zu Dokumenter, mee e Bicherbus ass eng Plaz fir Kommunikatioun a mënschleche Kontakt.

Zu Lëtzebuerg gëtt dës Missioun ënner anerem vum Bicherbus vun der BnL erfëllt. Hie fiert 15 Touren d’Woch a bedéngt méi wéi 80 Uertschaften am ganze Land.

Fir de Michel Molinaro, Responsabel vum Bicherbus an Initiator vun der Renconter, war de Kongress virun allem „eng Geleeënheet, Kontakter tëscht Fachleit ze knäppen, déi mat ënnerschiddleche Realitéite konfrontéiert sinn. Den Austausch, d’Zesummekommen an d’Deele vun Erfarunge bréngen nei Iddien an heiansdo souguer nei Projeten ervir“.

E Sonndeg, de 6. September, hunn d’Bicherbussen de Public um Parvis vun der Coque um Kierchbierg empfaangen.

Wärend zwee Deeg huet de Kongress eng gemeinsam Iwwerzeegung ënnerstrach, déi iwwer d’Grenzen ewech gedeelt gëtt: E Bicherbus transportéiert net einfach nëmme Bicher. Hie kënnt de Bierger entgéint an erméiglecht den Zougang zu Wëssen.

Aktualiséiert den