Benotzungsreglement vum Bicherbus a Reegelungen zum Prêt

Benotzungsreglement vum Bicherbus a Reegelungen zum Prêt

ALLGEMENG BESTËMMUNGEN

Artikel 1

D’mobil Bibliothéik „Bicherbus“ ass e Service vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Bibliothèque nationale du Luxembourg, BnL). Si ass Member vum nationale Reseau vun de lëtzebuergesche Bibliothéike www.bibnet.lu.

Artikel 2

De Bicherbus ass en ëffentleche Service, dee jidderengem onofhängeg vun Alter, Rass, Geschlecht, Relioun, Nationalitéit, Sprooch oder sozialem Status zur Verfügung steet. E bitt Servicer a Sammlungen, déi fir eng permanent Weiderbildung, eng kulturell Beräicherung a fir d’Fräizäitgestaltung genotzt an ausgeléint kënne ginn.

Artikel 3

Bei der Umeldung fir de Bicherbus erkennt de Benotzer d’Bestëmmunge vun dësem Reglement a sengen Annexen un. D’Reglement kann am Bicherbus an op sengem Internetsite consultéiert ginn.

Artikel 4

Fir den Zougang zum Bicherbus a senge Servicer, d’Umeldung, d’Consultatioun vu schrëftlechen Dokumenter an elektroneschen Datebanken am Bicherbus gradewéi d’Ausléine vu Bicher a Multimedia-Dokumenter gëllen déi folgend Bestëmmungen. 

ZOUGANGSBESTËMMUNGEN

Artikel 5

Fir de Choix vu Wierker am Bicherbus ze erliichteren, ëmfaasst en e Rayon fir Kanner a Jugendlecher an e Rayon fir Erwuessener. De Kanner- a Jugendrayon riicht sech virun allem u Persounen ënner 14 Joer. Den Zougang zu digitale Bicher an Hörbicher ass Persoune virbehalen, déi mindestens 14 Joer al sinn an hire Wunnuert zu Lëtzebuerg oder an den ugrenzende Regiounen hunn.

Artikel 6

De Bicherbus bitt senge Benotzer déi folgend Servicer gratis un:

  • d’Ausléine vu Bicher, Hörbicher an DVDen
  • gradewéi den Zougang zu digitale Bicher an Hörbicher aus dem Programm ebooks.lu.

Artikel 7

D’Ëffnungszäite sinn am Bicherbus an um Internetsite www.bicherbus.lu affichéiert.

UMELDUNGSBESTËMMUNGEN

Artikel 8

D’Umeldung fir de Bicherbus ass gratis. D’Lieserkaart gëtt ausgestallt, nodeems de Benotzer e gültegt Identitéitsdokument virgeluecht an d’Umeldungsfiche ënnerschriwwen huet. Mat der Umeldung bestätegt de Benotzer, dass hien d’Reglement zur Kenntnis geholl an en Exemplaire kritt huet.

D’Lieserkaart kann net op eng aner Persoun iwwerdroe ginn an ass begrenzt gülteg. Bei Jugendlechen ënner 14 Joer muss d’Umeldungsfiche vun enger erzéiungsberechtegter Persoun ënnerschriwwe ginn. Op der Fiche mussen och de Vir- an den Nonumm vun dëser erzéiungsberechtegter Persoun gradewéi eng Telefonsnummer, op där si erreechbar ass, an eng E-Mail-Adress stoen. Fir déi éischt Transaktioune benotzen d’Lieser d’Passwuert, dat si vum Bicherbus-Service kritt hunn. Duerno kënne si en eegent Passwuert uleeën.

Artikel 9

All Adressännerung muss dem Bicherbus direkt matgedeelt ginn. Wann e Lieser seng Kaart verléiert, muss hien dat dem Bicherbus esou séier ewéi méiglech mellen.

DOKUMENTER AUSLÉINEN

Artikel 10

All Persoun, déi als Benotzer ugemellt ass an hire Wunnuert zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun huet, dierf Dokumenter ausléinen an entweder 42 Deeg mat heem huelen, oder 21 Deeg falls d’Dokument vun engem aneren Lieser reservéiert gouf.

All Benotzer ka bis zu 20 Bicher an aner Dokumenter ausléinen.

KONDITIOUNE FIR D’BENOTZE VUN DE SERVICER

Artikel 11

De Benotzer muss d’Raimlechkeeten, d’Infrastruktur gradewéi déi aner Benotzer an d’Personal vum Bicherbus respektéieren.

De Benotzer ass an deem Zäitraum, wärend deem him d’Dokumenter zur Verfügung gestallt ginn, eleng a vollstänneg fir déi him uvertrauten Dokumenter responsabel. Hien ass responsabel fir d’Benotzen, d’Verléieren, d’Beschiedegen an d’Verännere vun dësen Dokumenter. Et ass verbueden, se ze verkafen oder un Drëttpersoune weiderzeginn.

Den Titulaire vun der Kaart ass responsabel fir all d’Dokumenter, déi mat der Lieserkaart – och vun anere Persounen – ausgeléint ginn. Elteren hunn d’voll Responsabilitéit fir hir Kanner, wat den Openthalt an de Raimlechkeeten, e respektvollt Verhale gradewéi d’Benotze vun de Bibliothéiksbestänn ugeet.

Déiere sinn net zougelooss, mat Ausnam vu Blannenhënn oder aneren Assistenzdéiere fir Mënsche mat Behënnerungen. Et ass verbueden, am Bicherbus ze fëmmen.

De Benotzer muss d’Instruktioune vum Bicherbus-Personal beuechten.

D’Memberschaft am Bicherbus ka vum Bicherbus annuléiert ginn, wann d’perséinlech Donnéeë vum Benotzer musse geläscht gi well d’Umeldung, déi fir en Zäitraum vun 2 Joer gülteg ass, net verlängert gouf, oder wann de Benotzer géint d’Bestëmmunge vum interne Reglement verstéisst.

VERSTÉISS A SANKTIOUNEN

Artikel 12

De Bicherbus-Service behält sech d’Recht vir, d’Lieserkaart anzezéien an den Zougang zum Bus ze refuséiere; dat gëllt fir jiddereen, deen dat internt Reglement net respektéiert.

Wann den Delai fir Dokumenter ofzeginn iwwerschratt gëtt, gëtt de Benotzer per E-Mail doriwwer informéiert, datt säi Lieserkonto automatesch gespaart gëtt. Hie wäert dann net méi vun de Servicer vum Bicherbus profitéiere kënnen an ass z.B. gespaart fir de Prêt vun Dokumenter, d’Verlängerung vun den aktuelle Prêten, nei Reservatiounen an den Zougang op d’digital Offer. Dës Spär gëtt opgehuewe, soubal d’Dokument zréckgi gëtt. E Rappel gëtt no 14 Deeg an dann no 21 Deeg geschéckt. Den nächste Rappel gëtt 35 Deeg nom geplangte Retourdatum geschéckt an ass verbonne mat net rembourséierbare Verspéidungskäschte vun 10 EUR, déi mussen per Virement iwwerwisen ginn. E leschte Rappel gëtt 56 Deeg nom geplangte Retourdatum geschéckt. Wann d’Dokument net bis zum 70. Dag nom geplangte Retourdatum zréckkomm ass, deklaréiert d’Bibliothéik d’Dokument als verluer a fakturéiert et dem Benotzer. De Betrag, dee verrechent gëtt, ëmfaasst d'Käschte fir den Ersatz vum Dokument an en net rembourséierbare Pauschalbetrag vun 25 EUR fir d’Beaarbechtungskäschten. Déi net rembourséierbar Verspéidungskäschten, dee net rembourséierbare Pauschalbetrag fir Beaarbechtungskäschten souwéi d’Käschte fir den Ersatz vu verluerenen Dokumenter ginn um Lieserkonto vermierkt. E Benotzer gëtt eréischt da fräigeschalt, wann d’Dokument zréckginn an / oder d’Fraisen / d’Ersatzkäschte bezuelt goufen.

Am Fall wou en Dokument beschiedegt oder verluer gaangen ass, muss de Benotzer fir de verursaachte Schued opkommen. Hie mellt ouni Retard all Verloscht oder Déifstall vun engem Dokument dat dem Bicherbus gehéiert. D’BnL schéckt him eng Rechnung, déi de Remplacementskäschte vum Dokument entsprécht plus e fixe Montant vu 25 EUR fir net rembourséierbar Beaarbechtungskäschten.

PERSÉINLECH DONNÉEËN

Artikel 13

Fir d’Umeldung fir de Bicherbus musse folgend Informatiounen an Noweiser presentéiert ginn: Numm, Virnumm, Gebuertsdatum, Nationalitéit, Wunnuert, Telefonsnummer, E-Mail-Adress, Beruff, Kopie vun engem Identitéitsdokument.

Dës Informatiounen (d’„perséinlech Donnéeën“) sinn néideg, fir d’Umeldung ze validéieren an e perséinleche Lieserkont anzeriichten. Eng Kopie vun der Umeldungsfiche gëtt an den Archive vum Bicherbus versuergt.

D’Dauer vun der Umeldung fir de Bicherbus ass, wa se net verlängert gëtt, zwee Joer. 24 Méint, nodeems all d’Umeldunge fir d’Bibliothéike vum Reseau bibnet.lu ofgelaf sinn, ginn d’perséinlech Donnéeën automatesch geläscht. Den Ausléinhistorique gëtt an anonymiséierter Form fir d’Statistiken, déi d’Bibliothéik erstelle muss, versuergt. D’perséinlech Donnéeë ginn am „kollektive Lieserindex“ vum integréierte Gestiounssystem vum Reseau vun de lëtzebuergesche Bibliothéike bibnet.lu, deen d’Memberbibliothéike vum Reseau gemeinsam benotzen, gespäichert. D’Lëscht vun de Memberbibliothéike kann um Internetsite www.bibnet.lu consultéiert ginn.

De Benotzernumm an d’Passwuert gëlle fir all d’Bibliothéike vum bibnet.lu-Reseau, bei deenen de Benotzer ugemellt ass oder sech umelle kann. D’perséinlech Donnéeë kënne vun enger begrenzter Zuel vun autoriséierten an entspriechend forméierte Persoune fir déi folgend Zwecker verschafft ginn.

D’perséinlech Donnéeë gi gesammelt a verschafft fir:

  • d’Umeldung fir de Bicherbus an d’Aktualiséierung vun den Donnéeë vum Lieserkont
  • Reservatioune fir d’Ausléinen an d’Benotze vun Dokumenter am Bicherbus, d’Reproduktioun vun Dokumenter
  • Bestellunge vun Dokumenter aus Bibliothéiken am Ausland
  • de Benotzer wéinst Reservatiounen, Rappeller a Geldboussen ze kontaktéieren
  • d’Benotze vun den IT-Tools, déi vum Bicherbus zur Verfügung gestallt ginn
  • den Zougang zu den Online-Ressourcen, déi dem Benotzer vum Bicherbus zur Verfügung gestallt ginn, an hir Benotzung
  • d’Erstelle vun anonymiséierte Statistiken, fir d’Servicer vum Bicherbus ze verbesseren
  • d’Opdecke vu Bedruch a Mëssbrauch beim Benotze vun den digitale Ressourcen, déi dem Benotzer vum Bicherbus zur Verfügung gestallt ginn
  • d’Traitéiere vun Ufroen duerch de Bicherbus, déi Renseignementer iwwer perséinlech Donnéeën, hir Rektifikatioun an de Widdersproch géint hiert Verschaffe gradewéi aner Rechter am Zesummenhang mat dësen Donnéeë betreffen
  • d’Abonnement vum Newsletter vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, dat mathëllef vum Sous-traitant Mailjet, Paräis, geréiert gëtt.

Den Direkter vun der BnL ënnersteet deem fir Kultur zoustännege Minister an ass, zesumme mat deenen anere Bibliothéike vum Reseau bibnet.lu, fir d’Verschaffe vun den Donnéeë laut dem Allgemengen Dateschutzreglement (EU) vum 27. Abrëll 2016 (2016/679) responsabel. D’Informatiounen, déi am Artikel 13 vum Reglement (EU) 2016/679 virgesi sinn, sinn am Benotzungsreglement vum Bicherbus ze fannen.

De Benotzer huet d’Recht op Renseignementer iwwer seng perséinlech Donnéeën an d’Recht op Rektifikatioun vun dësen Donnéeën. All Ännerung vu senge perséinlechen Donnéeë kann direkt am Accueil vun der BnL oder online iwwer säi Lieserkont um Internetsite www.a-z.lu gemaach ginn.

De Benotzer huet d’Recht, den Newsletter iwwer e Link an all den E-Mailen ofzebestellen oder andeems hien d’BnL kontaktéiert. D’E-Mail-Adress vum Benotzer gëtt just fir den Zäitraum, wärend deem hien ugemellt ass, gespäichert.

De Benotzer huet och d’Recht, säin Accord fir d’Späichere vu sengen Donnéeën am kollektive Lieserindex vum Bibliothéikereseau bibnet.lu zeréckzezéien, dem Verschaffe vu senge perséinlechen Donnéeën ze widderspriechen, d’Läschen an e limitéiert Verschaffe vu senge perséinlechen Donnéeë gradewéi hir Iwwerdrobarkeet ze fuerderen.

Am Fall vun engem Verstouss géint d’gülteg Dateschutzvirschrëften huet de Benotzer och d’Méiglechkeet, sech bei enger Kontrollinstanz ewéi der Nationaler Dateschutzkommissioun (Commission nationale pour la protection des données, CNPD) ze beschwéieren.

A bestëmmte Fäll, déi am Reglement (EU) 2016/679 virgesi sinn, kann de Bicherbus sech dëse Rechter widdersetzen. Nom Läsche vu senge perséinlechen Donnéeë kann de Benotzer keng Dokumenter méi ausléinen an och net méi op d’IT-Servicer vun der BnL zougräifen.

Fir weider Informatiounen iwwert seng Rechter a wéi dës ausgeüübt kënne ginn, ka sech de Benotzer per E-Mail op dpo@bnl.etat.lu oder per Courrier op dës Adress un d’BnL wenden:

Bibliothèque nationale du Luxembourg

Données personnelles / Secrétariat de direction

37D, avenue John F. Kennedy

L-1855 Luxembourg

Hiweis

Artikel 14

Onbeschuet vun de gesetzleche Strofe behält sech de Bicherbus d’Recht vir, dëst Reglement duerch d’Aféiere vu weidere Geldboussen ze ergänzen.

Aktualiséiert