De neie Bicherbus-Kalenner ass do
Den neie Bicherbus-Kalenner fir d’Period vu September 2026 bis Februar 2027 ass elo disponibel. En enthält all d’Datumen an d’Arrête vun de 15 wéchentlechen Touren, déi méi wéi 80 Uertschaften am ganze Land bedéngen.
Déi meescht Arrête gi weiderhin zu de gewinnten Zäiten an op de gewinnte Plaze ugefuer. Wann Dir eng vun de follgende Strecke benotzt, da beuecht wgl. dës Ännerungen, déi ab September 2026 gëllen:
- Tour 03 (Suessem): De Bicherbus kënnt méi fréi un a fiert méi fréi erëm fort.
- Tour 06 (Nidderfeelen): Den Arrêt gëtt vun der Rue Eugène Reiser an d’Rue de Fail verluecht.
- Tour 11 (Cliärref): Den Arrêt gëtt op d’Route de Bastogne verluecht.
- Tour 13 (Biissen, Kruuchten a Lëntgen): D’Fuerzäite goufen ugepasst.
Mir recommandéieren, den neie Fuerplang virun Ärem nächste Besuch ze kucken.
De komplette Kalenner ass online disponibel. Eng gedréckte Versioun kritt Dir och beim nächste Passage vum Bicherbus oder an der Rezeptioun vun der Nationalbibliothéik.
Aktualiséiert den