D’BnL erweidert d’Lëscht vun de vergraffene Wierker um EUIPO-Portal

Lëtzebuergesche Fong

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (BnL) annoncéiert d’Verëffentlechung vun enger erweiderter Lëscht mat Lëtzebuerger Publikatiounen, vun deenen ugeholl gëtt, datt si net méi am Handel disponibel sinn. D’Lëscht ass op der Websäit vum European Union Intellectual Property Office (EUIPO) consultéierbar.

Zum enge sinn dat elektronesch Publikatiounen, déi an de leschte Joren am Kader vum Depot légal numérique gesammelt goufen. Si ëmfaasst ronn 800 Dokumenter, besonnesch vun Administratiounen, Ministèren an anere staatlechen Institutiounen.

Zum aneren handelt et sech ëm méi wéi 9.000 Monografien aus den 1980er Joren bis haut. Dës Wierker stamen aus de Sammlunge vum gedréckte Patrimoine a goufen am Kader vun den Digitaliséierungscampagnë vun der BnL digitaliséiert.

Déi nei Titelen bleiwe sechs Méint laang um EUIPO-Portal publizéiert. An dëser Zäit hunn d’Ayants droit d’Méiglechkeet, dem Statut vun hire Wierker als net méi am Handel disponibel ze widderspriechen. Falls dat net geschitt, ginn d’digitaliséiert Wierker no dëser Frist op eluxemburgensia.lu online gesat a sinn dann ëffentlech zougänglech.

All Joer ergänzen d’BnL a Luxorr (Luxembourg Organization for Reproduction Rights) dëse Katalog mat neien Titelen, déi an d’Lizenz fir vergraffe Publikatiounen opgeholl ginn. No enger weiderer Frist vu sechs Méint ginn och dës Wierker no deem selwechte Prinzip fräigeschalt. Am Februar 2026 gouf eng éischt Serie vu 4.000 Wierker op eluxemburgensia.lu online gesat.

Dëse Projet ass Deel vun engem Partenariat tëscht der BnL a Luxorr, déi d’Verbreedung vun dëse Publikatiounen iwwer d’Plattform eluxemburgensia.lu erméiglecht. Duerch dës Zesummenaarbecht kënne vergiesse Wierker erëm vum Public entdeckt ginn, wat zur Valorisatioun vum Lëtzebuerger kulturelle Patrimoine bäidréit.

Op eluxemburgensia.lu consultéieren Den EUIPO-Portal opmaachen

Aktualiséiert den