E vergiessene Patrimoine lieft op: iwwer 4.000 Lëtzebuerger Bicher elo digitaliséiert

Nei Inhalter op eluxemburgensia.lu

Lëtzebuergesche Fong

Fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun hirer Digitaliséierung­s­campagne stellt d’National­­bibliothéik (BnL) an Zesummen­aarbecht mat der Luxorr an dem European Union Intellectual Property Office (EUIPO) iwwer 4.000 Bicher aus hirem lëtzebuergesche Fong online zur Verfügung.

Dës Monographië goufen op elux­­emburgensia.lu verëffentlecht. Si si komplett am Voll­text consultéierbar a kënne no Titel oder Auteur duerchsicht ginn.

Dëst ass e Projet, deen am Dezember 2024 mat der Ënner­­schrëft vun enger Pilot­lizenz tëscht der BnL an der Luxorr lancéiert gouf – deen éischten Accord vun dëser Aart zu Lëtzebuerg – mam Zil, Wierker zougänglech ze maachen, déi am Commerce vergraff sinn.

Konkret huet d’BnL Ufank 2025 um Portal vun der EUIPO eng Lëscht vun de betraffene Lëtzebuerger Wierker publizéiert. No enger Period vu sechs Méint, wärend där d’Ayants droit Widder­­sprooch aleeë konnten, woren d’Wierker prett fir online gesat ze ginn.

Dës Initiativ stellt e wichtege Schrëtt fir d’Valorisatioun vum lëtzebuergesche Patrimoine duer. Andeems si e kompletten Zougang zu Dausende vergraffene Dokumenter bitt, léisst d’BnL e vergiessene Patrimoine erëm opliewen an erméiglecht nei Fuerschungs­­perspektiven an der »Luxemburgensia«.

D’BnL seet dem Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) Merci fir seng Ënnerstëtzung a seng wäertvoll Hëllef am Kader vun dësem Projet.

Zougrëff via eluxemburgensia.lu Am Katalog fannen

Aktualiséiert den