Pressecommuniqué
Am Kader vun hirem ambitiéisen Digitaliséierungsprogramm vum schrëftleche Patrimoine stellt d’Nationalbibliothéik (BnL) zwee bedeitend Manuskripter vun exceptionellem historesche Wäert online zur Verfügung: de Codex Mariendalensis an d’Risebibel vu Saint Maximin. Dës Dokumenter, Zeie vun de kulturelle Wuerzele vu Lëtzebuerg, sinn e wichtege Pilier vum nationale kulturellen Ierwen.
D’Digitaliséierung vun dëse Manuskripter mécht dëse Patrimoine engem breede Public zougänglech a garantéiert gläichzäiteg déi optimal Erhalung vun den Originalen. De Projet ass Deel vun der Strategie vun der BnL, de schrëftleche Patrimoine vum Land ze valoriséieren an d’BnL reagéiert op eng wuessend Nofro vum Public a vun der akademescher Fuerschung, besonnesch am Beräich vun den Digital Humanities.
D’Manuskripter si fräi zougänglech um Portal eluxemburgensia.lu.
De Codex Mariendalensis, 2008 vum Lëtzebuerger Staat kaaft, an elo an de Bestänn vun der Nationalbibliothéik conservéiert, ass en aussergewéinlecht mëttelalterlecht Manuskript aus dem fréie 14. Joerhonnert. Et enthält d’Liewe vum Yolanda vu Veianen, eng vun de wichtegste Figuren an der reliéiser Geschicht vum Land, erzielt a 5 963 gereimte Versen a muselfränkescher Sprooch, déi mam moderne Lëtzebuergesche Famill ass. Dësen eenzegaartegen Text ass e wichtegen Zeie vun der fréier Lëtzebuerger Kultur a Sprooch.
Dëse Manuskript ass de leschten Exemplaire vun enger Risebibel aus dem 11. Joerhonnert, deen um Marché disponibel war. D’BnL huet dëst aussergewéinlecht Wierk am Joer 2024 kaf, a mat engem Opruff fir Done verbonnen, duerch deen d’Konservéierung an d’Valoriséierung séchergestallt sollt ginn. D’Risebibel vu Saint Maximin ass net just en aussergewéinlecht seelent Dokument, mee et zeechent sech och duerch säin exzellenten Zoustand a seng enk Verbindung mam Iechternacher Skriptorium aus.
Aktualiséiert den