Noriichten
D’Nationalbibliothéik keeft all Joer faszinéierend nei Objete fir hir Spezialsammlungen. 2024 war do keng Exceptioun, a mir freeën eis, Iech e puer vun den Objeten, déi bei eisen Experten a Chargés de collections groussen Interessi ausgeléist hunn, ze presentéieren.
Vu wäertvollen Dréck bis hin zu zäitgenëssesch Postkaarten, Gravuren a musekstherapeutesch Kompositiounen huelen Iech dës notabel Acquisitioune mat op eng Rees duerch d’Zäit. Si illustréieren eis Efforte fir den nationale Patrimoine ze conservéieren, seng Laangliewegkeet ze garantéieren, en ze valoriséieren an der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen.
D’BnL huet e besonnesch seelent, dausend Joer aalt Manuskript kaaft, dat de kulturellen a geschichtleche Patrimoine vum Land beräichert: d’Risebibel vu Saint Maximin.
Dëse Manuskript ass de leschten Exemplaire vun enger Risebibel aus dem 11. Joerhonnert, dat sech a Privatbesëtz befënnt. Eenzegaarteg ass et duerch seng enk Verbindung mat Lëtzebuerg. Et ass net just en aussergewéinlecht seelent Dokument, ma et charakteriséiert sech duerch säin exzellenten Zoustand. Et gouf an enker Zesummenaarbecht mam Skriptorium vun Iechternach geschriwwen, engem vun de gréissten intellektuellen an artisteschen Zentren aus dem fréie Mëttelalter. Zu där Zäit war Iechternach Deel vum Äerzbistum Tréier an huet eng zentral Roll bei der Schafung vun héichwäertegen, illuminéierte Manuskripter gespillt. Dëst eenzegaartegt Dokument stellt en Héichpunkt vun der Skriptoriekultur vun der Iechternacher Schoul duer, där hiren Afloss wäit iwwer d’Klouschtermaueren eraus goung.
Dës seele koloréiert Kaart weist déi siwwenzéng Provënzen vun Holland a Form vun engem Leo Belgicus (de „Belsche Léiw“) (vgl. Henricus A. M. van der Heijden, Leo Belgicus. An illustrated and annotated cartobibliography, Alphen aan den Rijn, 2006, Nr. 31). Den Duché vu Lëtzebuerg befënnt sech ënnert de viischte Patte vum Léiw. An der Legend zum Duché, déi ënnerhalb där vu Brabant a lénks vun der vu Léck läit, gëtt ënnert aneren uginn, datt d’Gebitt an zwee Quartiere gedeelt ass: en däitschen an e wallouneschen.
Ausserdeem ass vermierkt, datt siwe Grofschaften (Schleiden, St. Jean, Chiny, Rochefort, Salm, Veianen an Durbuy) zum Duché gehéieren. Allerdéngs war Durbuy zu dësem Zäitpunkt schonns säit Laangem an d’Grofschaft Lëtzebuerg agegliddert, an et ass onkloer, wat de Schenk mat der Grofschaft St. Jean gemengt huet – méiglecherweis d’Herrschaft vum Mont St. Jean (Diddeleng).
Dës Postkaart weist eng Fotographie vun de Rotondë bei der Stater Gare, opgeholl vum Édouard Kutter am Joer 1960 a vum Yannick Tossing zu enger Collage verschafft. Si gouf vun de Rotonden am Kader vun der Ausstellung „Les voyeuses“ erausginn, déi am Summer 2024 stattfonnt huet.
De Yannick Tossing gehéiert zu den zwielef Lëtzebuerger an internationale Kënschtler, déi mat Fotographië vum Édouard Kutter, Pol Aschman, Romain Urhausen, Theo Mey an Tony Krier geschafft hunn, fir historesch Opname vun de Rotonden an enger neier Perspektiv ze weisen.
Dës Haaptwierk vun der Kënschtlerin Danielle Grosbusch gouf ugangs 2024 am Kader vum Dépôt legal un d’BnL iwwermëttelt. D’lëtzebuergesch Gravure-Kënschtlerin huet eng Kombinatioun vu verschiddenen Déifdrocktechniken – Ätzradéierung, Mezzotinto, Schloper op Fondino a Monotypie – ugewannt, fir dës onerwaart Vue op d’Stad Lëtzebuerg ze schafen.
D’BnL konnt déi privat Exlibris-Sammlung vum Här Jo Kohn (1946-2016), engem vun de gréisste Sammler vu lëtzebuergeschen an auslänneschen Exlibris am Grand-duché, uschafen.
D’Familljenentreprise Crescentini huet 1922 an der Rue du Canal zu Esch/Uelzecht d’Nuddelmanufaktur Maxim gegrënnt, déi do säit iwwer engem Joerhonnert besteet. Vun Ufank u goufen d’Maxim-Nuddelen aus Weess hiergestallt, dorënner d’Spezialitéit „Mavi“ mat frëschen Eeër, no traditionelle Methoden.
D’Nuddele gëllen als gläichwäerteg mat de beschten italieenesche Produiten an hunn am September 1923 op der Exposition Nationale de la Ville d’Esch/Alzette d’Goldmedaile an der Liewensmëttelgrupp erhalen, wéi och de Grand Prix am Joer 1933.
Fir d’éischte Kéier a senger Geschicht krut de Cedom de Fong vun engem Musekstherapeut: de Franz Peter Holler (1915-1995). De Franz Holler koum ursprénglech aus der Géigend vu Freiburg im Breisgau an huet sech nom zweete Weltkrich zu Waasserbëlleg niddergelooss. En huet Lidder fir de Radio geschriwwen, Musek fir Tëlésreklammen komponéiert an huet musekstherapeutesch Asätz bei Privatfamilljen mat Kanner mat Behënnerungen iwwerholl. Seng Rhythmesch Handübungen sinn d’Resultat vun enger laangjäreger Aarbecht mat Kanner mat ageschränkter Mobilitéit. An den 1970er-Joren huet den Holler d’Renée Bisdorff gebueden, him bei verschiddenen musekstherapeuteschen Sëtzungen ze ënnerstëtzen.
De Fong ëmfaasst déi iwwer d’Joren entwéckelt musekstherapeutesch Method Rhythmesch Handübungen, biographesch Ënnerlagen iwwer deen zu Lëtzebuerg wéineg bekannte Franz Peter Holler, esou wéi Noutematerial, dat vum Holler a vun der Bisdorff komponéiert gouf.
▪ Dëst ass en editéierten Extrait aus eisem Joresbericht 2024, deen Dir op eiser Säit vun de Publikatiounen erofluede kënnt. Méi gewuer ginn
Aktualiséiert den