D’BnL moosst als éischt Kulturinstitut zu Lëtzebuerg hiren ekonomesche Bäitrag Online-Ëmfro: De Wäert vum Wëssen

D’National­bibliothéik (BnL) ass dat éischt Kulturinstitut zu Lëtzebuerg dat eng Online-Ëmfro start, fir säin eko­nomesche Bäitrag fir d’Gesellschaft an de Wëssen­schafts­standuert Lëtzebuerg ze moossen. De But vun dëser Ëmfro ass et, den Notze vun der Bibliothéik fir d’Ent­wécklung vun der Wirt­schaft an der Kultur vum Land ze ermëttelen an op där Basis stra­tegesch Ent­scheedunge fir d’Zukunft ze treffen. Mat Ärer Hëllef kënnen mir d’Zukunft vun der Bib­liothéik nach besser plangen an hir Offeren optimal op Är Besoinen upassen.

D’Ëmfro dauert 10 Minutten an leeft vum 20. Januar 2025 bis den 23. Maërz 2025. D’Resultater ginn am Juli 2025 verëffentlecht.

Nom Ofschloss vun der anonymer Ëmfro huet een d’Méiglechkeet, seng Kontakt­informatiounen ze hanner­loossen, fir un engem Gewënnspill deelzehuelen. Dës Donnéeë ginn aus­schliisslech fir d’Gewënn­ermëttelung a ‑benoriichtegung genotzt a stinn a kengem Bezuch zur Ëmfro.

Un der Ëmfro deel huelen

Kontingent Bewertungs­method

Mir benotzen d’kontingent Bewertungs­method („contingent valuation methodology“), eng wëssen­schaftlech unerkannt Method fir den eko­nomesche Wäert vu net-maartfäegen Gidder, wéi kulturell Institutiounen, ze ermëttelen. D’CVM-Method gouf vun Nobel­präisträger entwéckelt a gëtt zënter den 1980er Jore weltwäit benotzt an ass och virum Geriicht an den USA als Beweis unerkannt.

D’Participante ginn opgeruff, hypothetesch Froen ze beäntwerten, déi de Wäert vun der BnL an hire Servicer erëmginn. Verschidde Szenarie gi presentéiert, fir ze verstoen, wéi wichteg d’Bibliothéik fir d’Benotzer ass a wéi en ekonomesche Wäert si hinne bidd.

D’Etüd gëtt a Kollaboratiounmat dem renomméierte Maart­fuerschungs­institut bms marketing research + strategy duerchgefouert. bms marketing research + strategy ass e renomméiert Maart­fuerschungs­institut mat iwwer 25 Joer Erfarung an der Rea­lisatioun vun inter­nationalen Etüden, mat Sëtz zu München. bms marketing research + strategy bidd personaliséiert Léisungen a fundéiert Analysen a verschiddene Beräicher, vu Marché­trends a Konsumente­virléifte bis hin zur Bestëm­mung vum monetäre Wäert vun net-maartfäege Gidder.

Als Member vun der ESOMAR (European Society for Opinion and Market Research) garantéiert bms marketing research + strategy, datt all Aarbechten den héchste Standarde vun der Fuerschungs­ethik entspriechen. Si schaffe mat verschiddene Branchen zesummen, fir präzis an zouverlässeg Donnéeën ze liwweren, déi Entreprisen an Institutioune fir strategesch Ent­scheedungen notzen.

Méi gewuer ginn

Aktualiséiert den