70 Joer revue vun der BnL online gesat Nei digitaliséiert Inhalter op eluxemburgensia.lu

Lëtzebuergesche Fong

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (BnL) informéiert, datt déi digitaliséiert Editioune vun der Kultzäitschrëft revue - De Magazin fir Lëtzebuerg um Portal eluxemburgensia.lu elo zougänglech sinn. D’Notzer kënne vun elo un 443.424 Säite vun 1945 bis 2020 mat just e puer Klicks duerchsichen.

D’Zäitschrëft, déi den 1. September 1945 vum Emile Probst ënnert dem Numm Revue. Letzeburger Illustre’ert gegrënnt gouf ass vill méi wéi en einfache Magasinn. Si ass e wichtegen Zäitzeie vun der Lëtzebuerger Geschicht an informéiert zënter Joerzéngten iwwer wichteg Evenementer. Ënnert der Leedung vum Hubert Féjean a gedréckt vu Bourg-Bourger huet d’Publikatioun sech séier als onverzichtbar Lektür fir d’ganz Famill etabléiert, an dat dank lokale, nationalen an internationalen Noriichten, prakteschen Tipps an amüsanten Artikelen. 1948 gouf d’Journalistin an Autorin, Katrin C. Martin, Chefredaktesch vun der Zäitschrëft. Si war domadder eng vun den éischte Fraen, déi esou e Posten an der Lëtzebuerger Press besat hunn.

Zënter hirer Grënnung huet d’revue hir Lieser begeeschtert, andeems se mat renomméierte Journalisten a Kënschtler zesummegeschafft huet. De visuellen Aspekt wor dobäi en zentraalt Element vun der Geschäftsstrategie. Dowéinst hunn och bekannte Fotografe wéi de Pol Aschman, den Tony Krier, de Jean Weyrich an de Jochen Herling dacks Artikele vu Lëtzebuerger Auteure wéi Nic Weber, Michel Raus, Rolph Ketter an Evy Friedrich illustréiert.

Bande dessinéeën hunn och eng wichteg Roll gespillt. De Bim an de Jopi vum Pe’l Schlechter oder Edelmut und Roselinde souwéi Mil’s Abenteuer vum Gab Weis an net zulescht de legendäre Superjhemp vu Lucien Czuga a Roger Leiner hunn der néngter Konscht e grousse Succès garantéiert. Dem Carlo Schneider seng humoristesch a bësseg Karikature beliewen iwwregens haut nach d’Säite vun der revue.

Zougrëff via eluxemburgensia.lu

Aktualiséiert