Melusina Press a Rëmelenger Calepin vun der BnL online gesat Nei Inhalter op eluxemburgensia.lu

Lëtzebuergesche Fong

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (BnL) huet zwee nei Ensembele vu Contenuen online gesat, déi d’Diversitéit vun der Lëtzebuerger Editiounslandschaft erëmginn: et handelt sech hei ëm d’Publikatioune vu Melusina Press an de Rëmelenger Calepin.

Besonnesch dorunner ass, datt d’BnL fir déi éischte Kéier Dokumenter online setzt, déi iwwert den Dépôt légal numérique erakomm sinn.

Melusina Press: zéng nei Publikatiounen aus de Geeschtes- a Sozialwëssenschaften op eluxemburgensia.lu

Melusina Press ass aus der Faculté des Lettres, des Sciences Humaines, de l’Éducation et des Sciences Sociales (FHSE) vun der Universitéit Lëtzebuerg ervirgaangen. Dëse Verlag redefinéiert déi akademesch Verëffentlechungspraktiken zu Lëtzebuerg, andeems en Open Access-Inhalter an digitaler a gedréckter Form oder souguer als Fuerschungsdaten ubitt. Themen déi ënnersicht goufen, sinn: Linguistesch Luxemburgistik, Museologie, LGBTQ+-Sujeten, den Impakt vun der Covid-19-Kris, Psychologie an Erzéiungswëssenschaften.

Dës Publikatiounen gi vu Monographen iwwer Sammlwierker bis zu Dissertatiounen, a sinn en Zeeche vum Engagement vu Melusina Press fir d’Fuerschung fir jiddereen zougänglech ze maachen.

Zougrëff via eluxemburgensia.lu

De Rëmelenger Calepin: déi 1. Gemengenzeitung op eluxemburgensia.lu

De Rëmelenger Calepin, de Gemengebuet vun der Stad Rëmeleng, gouf 1976 op Ureegung vum Buergermeeschter André Zirves gegrënnt. D’Editioune vun 2016 bis 2024 goufen am Kader vum dépôt légal numérique agesammelt a sinn elo online zougänglech, wärenddeems d’Pabeierversiounen (1976-2024) weiderhin an der BnL consultéiert kënne ginn.

Zougrëff via eluxemburgensia.lu

Eng patrimonial Missioun am Déngscht vum Bierger

D’BnL ’huet als Zil, lokal Publikatiounen, sief et a gedréckter oder an digitaler Form, zougänglech ze maachen an domat eist kollektiivt Gedächtnis ze beräicheren. Am Aklang mat hire gesetzleche Verflichtungen, plangt d’BnL no an no zousätzlech digital Gemengepublikatiounen online ze setzen an den ëffentlechen Zougang dozou ze vereinfachen, egal ob et sech ëm Dokumenter handelt, déi vun der BnL digitaliséiert goufen oder ëm digital-born-Dokumenter. Bei digital-born-Dokumenter sinn d’Sichfunktiounen liicht limitéiert.

Aktualiséiert den