Op de Spuere vun der Heraldik Vernissage vun der Ausstellung

Manuskriptesammlung

Den Eric Thill, Kulturminister, an de Claude D. Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (BnL), hunn offiziell d’Ausstellung Ars Heraldica – D’Welt vun de Wopen an der BnL inauguréiert.

Dës nei Ausstellung illustréiert d’Verwendung an d’Bedeitung vu Wopen a gëtt en Abléck an dës spezialiséiert Form vun der Selbstduerstellung – net nëmme fir Lëtzebuerg, mee och fir d’Nopeschlänner. Si mécht dat virun allem mat enger Auswiel vu 22 Manuskripter aus der Sammlung vum Dr. Jean-Claude Loutsch, déi d’Nationalbibliothéik 2021 geschenkt krut. Als Donatrice vun der Heraldiksammlung vun hirem Mann ass d’Madamm Josannette Loutsch-Weydert ganz frou iwwert d’Ausstellung zu sengen Éieren. D’Fondatioun Loutsch-Weydert ass houfreg dorop, zu hirer Realisatioun bäizedroen.

De Kulturminister freet sech iwwert de Mécénat vun der Fondatioun Loutsch-Weydert. D’Stäerkung vum Mécénat gehéiert schonns zu de strategeschen Ziler vum Koalitiounsvertrag. De Kulturminister huet betount, datt de Mécénat dozou bäidroen kann, d’Valorisatiounsaarbecht vun engem staatleche Kulturinstitut ze stäerken, andem en d’Bewosstsi fir eis Kultur verdéift an d’Participatioun un der Kulturaarbecht an eiser Gesellschaft fërdert. Doriwwer eraus huet de Minister der Madamm Loutsch-Weydert Merci gesot an hiert Engagement an hir Generositéit ervirgehuewen.

D’BnL dréckt der Fondatioun Loutsch-Weydert, a besonnesch der Madam Loutsch-Weydert, hir déifsten Dankbarkeet aus, fir dat der Bibliothéik entgéintbruechte Vertrauen a fir hir onersetzlech Ënnerstëtzung.

Ergänzend zu dëser Ausstellung hunn d’Visiteuren d’Méiglechkeet nei Wierker aus der Billerserie Insignia vum Catherine Lorent ze entdecken, an där déi Lëtzebuerger Kënschtlerin hir zäitgenëssesch Interpretatioun vun der Heraldik presentéiert.

Dr. Jean-Claude Loutsch

Den Dr. Jean-Claude Loutsch (1932-2022) war e Lëtzebuerger Aendokter, deen sech leidenschaftlech fir Wopen interesséiert huet. Duerch d’Studéiere vun der Wopekonscht, och „Heraldik“ genannt, krut hien déif Ablécker a divers Wëssensgebidder, wéi politesch, Konscht- a Sozialgeschicht an och Genealogie. Hien huet zu den wéinegen Heraldiker gehéiert, dee Wope selwer vun Hand gezeechent huet. Den Dr. Loutsch huet eng beandrockend Spezialbibliothéik opgebaut: Vun den insgesamt gutt 15.000 Bicher beschäftegen sech ongeféier 2.700 mat Wopen an der Wopenkonscht. D’Häerzstéck sinn 44 gréisstendeels virun 1800 entsane Manuskripter, vun deenen ongeféier d’Hallschent ausgestallt ass. Des Weideren enthält d’Sammlung ë. a. 730 gedréckte Bicher aus der Zäit virun 1900, dovunner 26 aus dem 16. Joerhonnert. Dëse Schatz huet d’Josannette Loutsch-Weydert der Nationalbibliothéik geschenkt.

Aktualiséiert