Ars Heraldica D’Welt vun de Wopen

Typ:
Ausstellung
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Datum:
Vum 15.04.2024
bis den 12.10.2024
Sprooch(en):
Franséisch, Däitsch

Wope sinn zanter méi wéi 800 Joer en Deel vun der westlecher Kultur. Wéi aner Symboler si si Ausdrock vu perséinlecher, familiärer a sozialer Identitéit. Hier Wuerzele fënnt een an der Welt vum Adel, an dach fënnt een si iwwer d’Joerhonnerten an ënnerschiddleche Kontexter. Hautdesdaags dekoréieren sech Sportsclibb, Gemengen oder Brauereien domat. An awer erschénge Wopen dacks mysteriéis an obskuer.

Dës Ausstellung begleet d’Visiteure bei der Entschlësslung vun der Welt vun de Wopen. Si mécht dat virun alem mat enger Auswiel vu wäertvolle Manuskripter aus der Sammlung vum Dr. Jean-Claude Loutsch, déi d’Nationalbibliothéik 2021 geschenkt krut. Dës Sammlung gëtt en Abléck an dës spezialiséiert Form vun der Selbstduerstellung – net nëmme fir Lëtzebuerg, mee och fir d’Nopeschlänner.

D’Ausstellung ass just op Franséisch an Däitsch.

Féierungen

D’Ausstellung a Biller

D’Häerzstéck vun der Sammlung vum Dr. Jean-Claude Loutsch sinn 44 gréisstendeels virun 1800 entsane Manuskripter, vun deenen ongeféier d’Hallschent ausgestallt ass.

Insignia

Zudeem invitéiere mir Iech, am Liessall nei Wierker aus der Billerserie Insignia vum Catherine Lorent ze entdecken, an där déi Lëtzebuerger Kënschtlerin hir zäitgenëssesch Interpretatioun vun der Heraldik presentéiert.

Méi gewuer ginn

Begleetheft zur Ausstellung