D’Nationalbibliothéik ënnerschreift wichtegen Accord mat Cambridge University Press Open Access Publishing

D’Nationalbibliothéik a Cambridge University Press hunn en Ofkommes vun dräi Joer ënnerschriwwen, dat den Zougrëff op Inhalter vu Fachzäitschrëften erméiglecht an och Publikatiounskäschten deckt, wat e bedeitende Schrëtt an der Welt vum Open Access Publishing duerstellt.

Den Accord, deen direkt a Kraaft trëtt, erméiglech et Fuerscher an Auteuren aus dem Konsortium Lëtzebuerg (Universitéit Lëtzebuerg, Luxembourg Institute of Science and Technology, Luxembourg Institute of Health, Nationalbibliothéik Lëtzebuerg, Max Planck Institute Luxembourg for International, European and Regulatory Procedural Law) hir Fuerschungsresultater an de renomméierte Fachzäitschrëfte vu Cambridge University Press no de Prinzippie vum Open Access ze publizéieren, ouni datt weider Käschten ufalen.

Dës wäert net nëmmen dozou bäidroen, d’Visibilitéit vun der Fuerschung an der akademescher Communautéit zu Lëtzebuerg op enger globaler Bün ze fuerderen, mee och e besseren Zougrëff op nei Fuerschungsresultater z'erméiglechen.

Dësen Accord ass e wichtege Meilesteen an de Beméiunge vum Consortium, den Zougrëff op wëssenschaftlech Informatiounen ze erweideren. Duerch d’Zesummenaarbecht mat Cambridge University Press, erhofft d’Nationalbibliothéik sech, hir Missioun vun der Ënnerstëtzung vun der Fuerschung, Innovatioun a Bildung zu Lëtzebuerg an iwwer d’Grenzen eraus ze erfëllen.

An dësem Hibléck huet d'BnL och schonns en Accord mat der Taylor & Francis Group am Joer 2021 ënnerschriwwen.

Iwwer Cambridge University Press

D‘Cambridge University Press ass e weltwäite Leader an de Beräicher Evaluatioun, Bildung, Fuerschung an akademesche Publikatiounen. Als Deel vun der Cambridge University huet si d’Missioun, „duerch d’Striewen no Bildung, Léieren a Fuerschung op héchstem internationalen Niveau der Gesellschaft bäizedroen“. D‘Camebridge University Press ass déi eelsten Universitéitsdréckerei vun der Welt. Si geet op e Patent zeréck, datt den Henry VIII der Universitéit Cambridge 1534 ausgestallt huet. Cambridge ass ee vun den zwee privilegéiere Verläg (deen aneren ass d’Oxford University Press). Zu den Auteuren, déi vu Cambridge verëffentlech goufen, gehéieren de John Milton, de William Harvey, den Isaac Newton, de Bertrand Russell an de Stephen Hawking.

Aktualiséiert