Noriichten
D’PISA-Etude huet verdäitlecht, datt d’Lieskompetenz bei onse Schüler ofgeholl huet. Iwwert d’Grënn gëtt elo, wéi no all PISA-Resultater, kontrovers diskutéiert. DʼÄntwerte wäerte multifaktoriell sinn. Leider gëtt den Ament net doriwwer geschwat, datt Bibliothéiken een Deel vun der Léisung sinn.
Et ass elo un der Zäit, datt d’Schoulbibliothéike gestäerkt ginn. All Schoul am Secondaire brauch eng Infrastruktur, déi den Erwaardungen un eng modern Bibliothéik gerecht gëtt, mat Plaze fir aleng oder am Grupp ze schaffen, mat Plaze fir Aktivitéiten a Rouräim, mat engem Eck fir Inspiratioun – an natierlech Méiglechkeete fir ze liesen. Niewent der Infrastruktur mussen och déi analog an digital Kollektiounen de Besoine vun de jonke Lieser ugepasst sinn an et gëtt héich Zäit, de Beruff vum Bibliothecaire an de Schoulen unzeerkennen. Wa mir d’Lieskompetenz wierklech wëlle verbesseren, da musse mir d’Bibliothéiken an de Schoule besser opstellen an si als Investitioun an d’Bildung verstoen.
Ze erënneren ass och un de Stellewäert vun den ëffentleche Bibliothéiken, déi an der Liessozialisatioun eng kruzial Roll spillen an d’Offer vun de Schoulbibliothéike komplettéieren.
Merci un all déi Bibliothecairen an de Schoul- an ëffentleche Bibliothéiken, déi all Dag dofir wudderen, ons jonk Lieser fir d’Lecture ze begeeschteren.
D’Nationalbibliothéik koordinéiert de Reseau vun de Bibliothéiken zu Lëtzebuerg, dorënner och eng 40 Schoulbibliothéiken, déi mir Enn 2025 empfaangen hunn, fir mat hinnen iwwert hir Wënsch an Doleancen ze schwätzen. Elo fir d’Rentrée setze mir ee vun dëse Wënsch ëm. Mir ginn an engem Pilotprojet mat 16 Schoulbibliothéiken op de Wee, d’Aschreiwung ze automatiséieren. Mat quasi engem Klick kënne sech d’Schüler elo umellen – méi einfach geet et net méi. D’BnL an d’Schoulbibliothéiken hoffen esou dozou bäizedroen, datt de Wee bei d’Bicher méi einfach gëtt.
Gutt Lecture!
Claude D. Conter,
Direkter vun der Nationalbibliothéik
Aktualiséiert den