D’BnL vereinfacht den Dépôt légal fir Gemengepublikatiounen

Lëtzebuergesche Fong

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg huet e Pilotprojet lancéiert, deen de Dépôt légal vu gedréckte Publikatioune fir Gemengeverwaltungen erliichtert. Këschten, déi speziell fir dësen Zweck konzipéiert goufen, ginn un déi Gemenge verdeelt, déi matmaachen, a reegelméisseg vun der BnL agesammelt. Bis elo hunn si d’Dokumenter selwer misse verschécken. Aktuell huelen 43 Gemengen un dësem Projet deel, deen de Prozess fir d’lokal Autoritéite vereinfacht.

Den Dépôt légal obligéiert Editeuren an ëffentlech Instanzen, jee no Typ vum Dokument, 1 bis 4 Exemplairen bei der BnL ze hannerleeën, fir deenen hir Erhalung fir zukünfteg Generatiounen ze sécheren. Dës Obligatioun gëllt fir all Publikatiounen, déi zu Lëtzebuerg verëffentlecht ginn, dorënner Bicher, Zäitschrëften, Affichen, Postkaarten, Flyeren, Kalenneren an aner gedréckten an digital Dokumenter.

De Projet huet keen Afloss op d’Asammlung vum digitalen Dépôt légal, dee weiderhin iwwert déi gängeg Methoden assuréiert gëtt.

Déi Gemengen, déi nach net Deel vun dëse Projet sinn, sinn invitéiert sech beim Service vum Dépôt légal vun der BnL ze mellen. Och aner interesséiert Administratiounen an Editeuren si wëllkomm matzemaachen.

Aktualiséiert den