Noriichten
D’Nationalbibliothéik huet viru kuerzem d’Gedenkrumm vum Spezialtimber fir den 100. Gebuertsdag vum Lëtzebuerger Komponist Jean-Pierre Kemmer kritt. D’Iwwergab huet mëttwochs, den 20. September 2023 am Gebai vun der Bibliothéik stattfonnt. POST Philately gouf vum Claude Balthasar a vum Emile Espen, vertrueden. D’BnL gouf vun hirem Direkter Claude D. Conter an dem Françoise Molitor, Responsabel vum Museksdepartement an dem Cedom (Centre d’études et de documentation musicales), vertrueden.
D’BnL fillt sech geéiert, datt si bei der Realisatioun an der Diffusioun vum Timber zu Éiere vum Jean-Pierre Kemmer matwierken duerft, deem säin Nolooss am Cedom conservéiert gëtt. Mat iwwer 700 Eenzelwierker, dorënner Chouerwierker, Operetten, Orchesterwierker esou wéi och Filmmusek, ass de Fong Jean-Pierre Kemmer ee vun de gréissten aus dem Museksdepartement vun der BnL.
Eng Selektioun un Dokumenter zu sengen Éieren si bis den 3. November 2023 an de Vitrinne virum Rara-Liessall ausgestallt.
De Jean-Pierre Kemmer, dee 1923 zu Lëtzebuerg gebuer gouf, war en engagéierten a villsäitege Museker. Als talentéierte Pianist, Hautboïste, Uergelspiller a Komponist huet de jonke Kemmer sech scho fréi fir eng musikalesch Karriär entscheet. Am Alter vu just 13 Joer huet hien seng éischt Beruffserfarungen als Pianosbegleeder an der Radiossendung Lëtzebuerger Hallefstonn vum Léon Moulin gemaach.
Nom Krich gouf de Kemmer als Pianosbegleeder a Repetiteur fir de Chœurs de Radio Luxemboug ënnert der Leedung vum Paul Sontag engagéiert. Wéi dee Kontrakt ofgelaf war, huet den Henri Pensis him d’Plaz als Solo-Pauker am Radiosorchester ugebueden an en zum Orchesterdirigent ausgebillt. Ënnert der Ära vum Louis de Froment stoung hien oft als Dirigent vum RTL-Orchester op der Bühn a konnt esou e groussen Deel vu senge symphonesche Wierker opféieren.
Nieft senger Tätegkeet als Orchestermuseker, war de Kemmer och laangjäreg als Chouerdirigent aktiv an huet 1969 säin eegenen 12-käppege Kammerchouer “Les Chœurs Jean-Pierre Kemmer” gegrënnt. Am Laf vu sengem Liewen huet hien bei op mannst bei 50 Museksproduktiounen matgewierkt.
Seng musikalesch Sprooch, déi op der romantescher Traditioun baséiert, ass oft vu populäre Stylen inspiréiert. Dëst ass ënnert anerem de Fall a sengem Wierk La Sainte Passion selon Saint Jean, dat en traditionellen symphonesche Stil huet, a gläichzäiteg och Elementer aus dem Jazz-, der Danz- an der Volleksmusek integréiert.
Aktualiséiert den