Erënnerung un e villsäitegt musikalescht Talent Dem Jean-Pierre Kemmer (1923-1991) fir den 100. Gebuertsdag
Kaum e Komponist zu Lëtzebuerg ass esou villsäiteg a produktiv gewiescht ewéi de Jean-Pierre, genannt Jempi, Kemmer. Mat iwwert 700 eegestännege Wierker ass et ee vun deene gréissere Fongen, déi am Cedom, dem Centre d’études et de documentation musicales, vun der Nationalbibliothéik versuergt ginn. Fir den 100. Gebuertsdag vum Jean-Pierre Kemmer stelle mir Iech e puer Dokumenter aus sengem Nolooss vir.
Säit senger Gebuert den 8. Dezember 1923 spiert de Jean-Pierre am Elterenhaus d'Leidenschaft vu sengem Papp Michel, wuel en ausgezeechenten Amateurdanzmuseker, fir d'Musekskonscht. Inspiréiert a gedriwwe vun de verschiddene Museksgenren a Klangwelten, léiert hie scho fréi am Stater Conservatoire Hautbois, Piano a Kompositioun a mécht séier duerch éischt Optrëtter op säin Talent opmierksam. Scho mat 13 Joer begleet hien dem Léon Moulin seng Radiosemissiounen Lëtzebuerger Hallefstonn um Piano.
Wärend de Krichsjore mécht de Jean-Pierre am verdäitschte Conservatoire, der Landesmusikschule Luxemburg, säin Ofschloss a sengen dräi Fächer mat „grande distinction et félicitations du jury“. 1943 schreift hie sech an den Uergelcours an, gëtt awer kuerz duerno an d'Wehrmacht agezunn. Hie kënnt 1945 aus dem Krich heem a konzentréiert sech, esou gutt et geet, weiderhin op seng Musekskarriär. Well d'lëtzebuergesch Direktioun nom Krich verschidden Diplomer vun de Besatzer net unerkennt, muss de Jean-Pierre säin Ofschlossexamen am Piano widderhuelen.
Als Pianist spillt hien nom Krich bäi Radio Lëtzebuerg an de Sendunge vun den Amerikaner a begleet de Radioschouer ënnert der Leedung vum Sänger Paul Sontag. Fir d'Plaz vum Solo-Pauker am Radiosorchester ze kréien, studéiert hien um Staatlichen Konservatorium des Saarlandes Perkussioun, beleet hei och Course beim bekannte Pianist Walter Gieseking an hëlt Privatunterrecht beim Maestro Henri Pensis an der Orchesterdirektioun.
Vun 1962 un dirigéiert hien nieft senger Tätegkeet als Pauker, reegelméisseg den RTL-Orchester. 1976 iwwerhëlt hien d'Funktioun vum Orchesterpianist vum René Mertzig. An deem Zesummenhang komponéiert de Kemmer sougenannten “Indicatifs”, déi als Vir- an Nospill bei Radio- an Tëleesendunge gesent ginn, sou z. B. den Indicatif “Feierwôn”.
1979 geet de Jean-Pierre an d'Pensioun an iwwerhëlt eng Plaz als Pianospedagog bis 1984 an der Escher Museksschoul.
Nieweberufflech leet de Kemmer verschidde Chéier ronderëm d'Stad a grënnt 1969 en eegenen, genreiwwergräifende Kammerchouer Les Choeurs Jean-Pierre Kemmer.
Iwwert allem awer steet säi villsäitegt kompositorescht Schafen, dat sech a 4 Kategorien andeele léisst: Chouermusek (geeschtlech Musek), sinfonesch a konzertant Musek (sinfonesch Dichtungen, Concerti, Filmmusek), Ënnerhalungsmusek (Revuen, Radiolidder) a Bünemusek (Operetten). Seng instrumental Wierker wuerzelen an der spéitromantescher Traditioun, woubäi ëmmer erëm säin Interessi um amerikanesche Sound, spréch dem Jatts, a senge Kompositiounen ervirdréngt. Besonnesch bekannt sinn zum Beispill dem Kemmer seng Rhapsodie rotarienne (1965), säi Lions Concerto (1967) oder seng beléiften Operett Oenner bloem Himmel (1954) aus där d’Stéck Tango Monaco och op Plack erauskomm ass.
Am populäre Beräich komponéiert an arrangéiert de Jean-Pierre Kemmer eng etlech Lidder op Texter vu verschiddenen Auteuren, virun allem Pir Kremer, déi zu Evergreens ginn.
1957 komponéiert de Jean-Pierre Kemmer de lëtzebuergesche Bäitrag Amours mortes fir de Grand-Prix d'Eurovision de la Chanson zu Frankfurt am Main.
A sengem Wunnhaus zu Fenteng riicht hien en eegenen Tounstudio K&K (Kemmer&Kaufmann) an.
De Jean-Pierre Kemmer ass fir säi Schafe méifach national an international ausgezeechent ginn. Den 21. Dezember 1991 verscheet hien no laanger Krankheet an der Stad.
Fir dem Jean-Pierre Kemmer säin 20. Doudesdag am Joer 2011 huet de Kulturministère d’Opféierung vum Kemmer sengem Wierk La Sainte Passion selon St. Jean an Optrag ginn. De Cedom huet an deem Zesummenhang am Joer 2016 eng wëssenschaftlech Editioun vum Wierk publizéiert, dat bis dohinner just a Manuskriptform virloung. Déi sougenannten “kleng Fassung” vun der Passioun fir Chouer a Rhythmusgrupp ass 1977 uropgefouert ginn. D’Editioun vun der Nationalbibliothéik baséiert op der “grousser Fassung” fir Chouer an Orchester, déi 1978 fir d’éischte Kéier opgefouert gouf.
Fir den 100. Gebuertsdag vum Jean-Pierre Kemmer si verschidden Initiativen uechter d'Land ergraff ginn, fir dem Komponist ze gedenken. D’Post gëtt am September 2023 zesumme mat der Nationalbibliothéik e Gedenktimber fir dem Jean-Pierre Kemmer säin 100. Gebuertsdag eraus an d’Chorale Steebrécken-Biergem organiséiert den 8. an den 10. Dezember 2023 an Zesummenaarbecht mam Institut européen de chant choral (Inecc) d'Uropféierung vu senger onvollendeter Missa in honorem Sancti Joseph, vun där just Chouerstëmmen iwwerliwwert sinn a fir déi de Jos Majerus d’Urgelstëmm nodréiglech geschriwwen huet.
▪ Eng Selektioun un Dokumenter iwwert de Jean-Pierre Kemmer si vum 4. September bis den 3. November 2023 an de Vitrinne virum Rara-Liessall um 2. Stack ausgestallt.
Aktualiséiert den