Réckbléck op 2023 an Ausbléck op 2024

D’Nationalbibliothéik kuckt op e bemierkenswäert Joer 2023 zeréck – e wichtegt Joer mat villen Héichpunkten, an deem mir eisen 225. Gebuertsdag gefeiert hunn. An dësem Kader hu mir duerch eng sëllege Manifestatiounen an eis Portes ouvertes versicht, d’Relatioune mat eisen Notzer ze stäerken.

Ausserdeem hu mir op en Neits ons innovativ Expertis duerch richtungsweisend Projete bewisen, wéi zum Beispill den neien AI-baséierten Chatbot um eluxemburgensia.lu-Portal, deen den Notzer hëlleft, d’Geschicht vu Lëtzebuerg duerch digitaliséiert Zeitungsartikelen ze entdecken. Ausserdeem hu mir eis Ekipp verstäerkt andeems mir nei Mataarbechter agestallt an en Directeur adjoint ernannt hunn.

Fir d’Zukunft hu mir Beräicher identifizéiert, an deene mir ons nach weiderentwéckele wëllen. Mir hunn ons virgeholl, d’Relatioune mat eise Notzer am Kader vum neie Bibliothéikssystem Alma ze verbesseren. Seng Ëmsetzung huet sech als méi komplex an déifgräifend erausgestallt wéi erwaart, wat de Prozess weesentlech méi zäitopwänneg gemaach huet.

Eis Prioritéite fir dat nächst Joer si villfälteg. Als éischt hu mir ons virgeholl, Accorde mat der nationaler Verwertungsgesellschaft an den Editeure ofzeschléisse fir eisen Notzer en Accès à distance an den digitale Prêt ze erméiglechen. Zweetens plange mir, de Bibliothéiksreseau ze vergréisseren an eis digital Offer neie Partenairen zur Verfüügung ze stellen. Mir ginn dat neit Joer mat Éiergäiz an Entschlossenheet un an hoffen, dat et genau esou erfollegräich gëtt, ewéi dat lescht.

Aktualiséiert