Sous-Direkter vun der Nationalbibliothéik gouf ernannt

A senger Sëtzung vum 9. Juni 2023 huet de Regierungsrot decidéiert S.A.R dem Grand-Duc d‘Nominatioun vum Carlo Blum als Sous-Direkter vun der Nationalbibliothéik vum 1. Juli 2023 virzeschloen.

De Carlo Blum, deen 1994 säin Ofschloss an der Informatik op der Université Libre de Bruxelles gemaach huet, ass zanter 2000 verantwortlech fir den Departement vun der Informatik an der digitaler Innovatioun an der BnL, wou hien ënner anerem fir d‘Betreiung an d‘Iwwerwaachung vun der Digitaliséierung, der Laangzäitarchivéierung an KI Projete verantwortlech ass. An Zesummenaarbecht mam Centre des technologies de l‘information de l‘État (CTIE) an dem Réseau vun de Lëtzebuerger Bibliothéike bibnet.lu war de Carlo Blum responsabel fir d‘Migratioun vum Bibliothéiksmanagementsystem op déi nei Alma Software. Dësen Haaptprojet vun 2022 huet et méi wéi 80 Bibliothéiken zu Lëtzebuerg erméiglecht, hir Gestioun vu Bibliothéiksdaten ze verbesseren a méi performant Sichinstrumenter unzebidden.

Carlo Blum

De Carlo Blum kann sech op bewisen Expertise am Beräich vun der Automatiséierung an der Informatik vun den Departementer vun der BnL bezéien. Ausserdeem huet hien eng grouss Erfarung an der Planung, der Koordinatioun an dem Teamleading, souwéi déifgräifend Kenntnisser vun der BnL an den Ufuerderungen, déi mat hire Bibliothéiksaufgaben an zukünfteg IT-Projeten verbonne sinn. An Zesummenaarbecht mam Direkter, dem Claude D. Conter, wäert de Carlo Blum der BnL an hiren nationalen an internationale Partner all seng Expertise a seng Ënnerstëtzung zur Verfügung stellen.

D‘Nationalbibliothéik conservéiert, sammelt a katalogiséiert all Publikatiounen am Zesummenhang mam Grand-Duché, déi zu Lëtzebuerg an am Ausland publizéiert ginn. Et ass déi wichtegst patrimonial, wëssenschaftlech a Fuerschungsbibliothéik vum Land. Si huet eng enzyklopedesch Orientéierung, ongeféier dräi Véierel vu senge Fongen kommen aus dem Ausland an decken all Wëssensberäicher of.

Aktualiséiert den