Eluxemburgensia.lu kritt en neie Chatbot D’kënschtlech Intelligenzam Déngscht vum gedréckte Lëtzebuerger Patrimoine

D’Sam Tanson, Kulturminister, de Claude D. Conter, Direkter vun der Bnl, an de Carlo Blum, Sous-Direkter vun der BnL, hunn d’Membere vun der Press an de Medien ageluede fir den neie Chatbot vum eluxemburgensia.lu-Portal kennenzeléieren. Den Chatbot, dee Franséisch, Däitsch an Englesch versteet, ënnerstëtzt d’Notzer bei der Entdeckung vun der Lëtzebuerger Geschicht a proposéiert Äntwerten, déi op historesche Presseartikele baséieren.

Mat Hëllef vun enger Technologie, déi bei ChatGPT – dem KI-baséierte Chatbot vun OpenAI – zum Asaz kënnt, hunn d’Experte vun der BnL déi digitaliséiert lëtzebuergesch Dokumenter indexéiert an eng performant Datebank präparéiert, déi semantesch Recherchen erméiglecht. Dëse Fortschrëtt ass e wichtege Meilesteen an der Missioun vun der BnL, e méi liichten a méi ausgebauten Zougrëff op hir digitaliséiert lëtzebuergesch Ressourcen ze bidden.

Mir weisen dorobber hin, datt den Chatbot e gratis experimentellen Outil ass, op deen ee vun doheem zougräife kann. Dofir muss een sech just mat senger Bibliothéikskaart oder engem Google-Kont umellen.

Mam Chatbot schwätzen

Aktualiséiert