Grousse Succès fir d’Journées d’études iwwer mëttelalterlech Wopebicher

Manuskriptesammlung

De 4. a 5. Dezember 2023 huet d’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg Journées d’études iwwer mëttelalterlech Wopebicher organiséiert, déi ënnerstrach hunn, wéi wichteg et ass d’Fuerschung iwwer historesch Editioune mat de Méiglechkeete vun den Digital Humanities ze verbannen.

D’Journées d’études hunn nationalen an internationale Fuerscher eng eemoleg Plattform gebueden, fir hir lescht Erkenntnisser virzestellen. Den ofwiesslungsräiche Programm goung vum Drock vu Wopebicher iwwer historesch Sammlunge mat franséischer, italieenescher, belscher oder Lëtzebuerger Provenance bis bei d‘Heraldik am digitalen Zäitalter.

D’Journées d’études hunn nationalen an internationale Fuerscher eng aussergewéinlech Plattform gebueden.

Ee vun den Highlighte vum Programm war de Virtrag vum Jean-Christophe Blanchard vun der Université de Lorraine a Member vun der Académie internationale de l’héraldique (AIH), deen zwee mëttelalterlech Wopebicher aus der Sammlung vum Dr. Jean-Claude Loutsch presentéiert huet. Dës Sammlung gouf der BnL 2022 vun der Madamm Josannette Loutsch-Weydert geschenkt.

Dës Manifestatioun war eng eenzegaarteg Geleeënheet fir den Austausch vun Iddien ze promovéieren, domat zur Weiderentwécklung vum Wëssen an dësem Beräich an zur Konservatioun vum mëttelalterlechen heraldesche Patrimoine bäizedroen.

▪ Dës Manifestatioun gouf an Zesummenaarbecht mat der Université de Lorraine an der Fondation Jean-Claude & Josannette Loutsch-Weydert organiséiert.

Aktualiséiert