Konschtinstallatioun an der Gréngfläch vun der BnL gouf ageweit „Futurs possibles, passés probables“ vum Martine Feipel a Jean Bechameil

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg, d’Verwaltung fir ëffentlech Bauten an de Kulturministère hunn op de Vernissage vun der Skulpturinstallatioun vun de Kënschtler Martine Feipel a Jean Bechameil agelueden, déi an der Gréngfläch vun der BnL ageweit gouf. D’Wierk dréit den Titel Futurs possibles, passés probables (Méiglech Zukunften, warscheinlech Vergaangenheeten) a reegt zum Nodenken iwwer Geschicht, Erënnerung an Zukunft un.

Beim Vernissage vum Konschtwierk hunn d’Kënschtler erkläert, datt hir Kreatioun eng subtil Mëschung aus Materialien a Formen ass, déi u wichteg Perioden an der Geschicht erënneren an zugläich Raum fir Fantasie an Interpretatioun loossen. Visiteure sinn dozou agelueden, an dës enigmatesch visuell Welt anzedauchen, an der sech historesch Elementer mat Zukunftsvisioune vermëschen an esou den Dialog tëscht Vergaangenheet, Géigewaart an Zukunft schafen.

Dës Theme stinn a perfektem Aklang mat de Missioune vun der BnL als Wiechterin vum Kulturierwe vum Land.

D’Martine Feipel an de Jean Bechameil sinn d’Gewënner vum Concours fir de Kunst am Bau vun der Bibliothéik (1% Konscht, déi beim Bau vun engem neien ëffentleche Gebai realiséiert gëtt). D’Integratioun vu Konschtwierker an ëffentleche Bauten ass eng vu ville Méiglechkeeten, d’Konscht engem breede Publikum zougänglech ze maachen an se an se an den Alldag ze integréieren. Dës Uerter ginn esou zu kulturelle Kontaktpunkten, déi dem kënschtlereschem Ausdrock eng wichteg Siichtbarkeet ginn.

Aktualiséiert