Dräi Plakater mat Hëllef vun Äre Spende restauréiert Surplus-Aktioun

Plakat- a Postkaartesammlung

Am Oktober 2022 haten d’Visiteure vun der Nationalbibliothéik d’Méiglechkeet, Bicher géint eng kleng Spend fir d’Restauréierung vun historeschen Dokumenter matzehuelen.

Dës Aktioun, déi schonns säit Joren organiséiert gëtt, war e groussen Erfolleg. Mir soe jiddwerengem Merci, deen eis ënnerstëtzt huet! Mat Hëllef vun de gesammelte Spende konnt d’BnL dräi Plakater aus hire Spezialsammlunge restauréieren.

D’Restauréierung ass eng wichteg Aufgab fir d’Erhale vum Patrimoine an de laangfristegen Zougang zu Dokumenter ze garantéieren. Dacks si vill vun dësen Dokumenter an engem schlechten Zoustand, wëll se futti oder ofgenotzt sinn. No der Restauréierung sinn d’Plakater prett fir digitaliséiert ze ginn. Si ginn dann an eise Katalog opgeholl a mat Metadonnéë gekennzeechent. Wa néideg, ginn d’Auteursrechter gekläert, éier si um Portal eluxemburgensia.lu publizéiert ginn.

Enn 2016 huet d’BnL ugefaangen, hir Sammlung vu Plakater no an no ze digitaliséieren an online op deem Portal ze verëffentlechen. Bis haut si schonns 780 Plakater gratis online verfügbar.

Aktualiséiert