De Wäert vum Wëssen

De Wäert vum Wëssen

Eng Ëmfro iwwer d’wirtschaftlech Bedeitung vun der BnL fir d’Gesellschaft zu Lëtzebuerg.

Dës Ëmfro huet als Zil, d’wirtschaftlech Contributioun vun der Nationalbibliothéik ze ermëttelen an ze weisen, wéi si de Wëssenschaftsstanduert Lëtzebuerg ënnerstëtzt.

Den eko­nomeschen Bäitrag vun der BnL

D’National­bibliothéik lancéiert eng Online-Ëmfro, fir säin eko­nomesche Bäitrag fir d’Gesellschaft an de Wëssen­schafts­standuert Lëtzebuerg ze moossen. De But vun dëser Ëmfro ass et, den Notze vun der Bibliothéik fir d’Ent­wécklung vun der Wirt­schaft an der Kultur vum Land ze ermëttelen an op där Basis stra­tegesch Ent­scheedunge fir d’Zukunft ze treffen. Mat dënger Hëllef kënnen mir d’Zukunft vun der Bib­liothéik nach besser plangen an hir Offeren optimal op deng Besoinen upassen.

Elo un der Ëmfro deel huelen

Deng Meenung ass wichteg

Deng Par­ticipatioun hëlleft eis, den eko­nomesche Wäert vun der BnL ze moossen an hir zukünfteg Ent­wécklung ze gestalten an unzepassen.

  • Dauer: 10 Minuten
  • Zäitraum: 20.01.2025 – 23.03.2025
  • Verëffentlechung vun de Resultater: Juli 2025

Wéi gëtt de Wäert vun der BnL gemooss?

Wéi gëtt de Wäert vun der BnL gemooss?

Mir benotzen d’kontingent Bewertungs­method („contingent valuation methodology“), eng wëssen­schaftlech unerkannt Method fir den eko­nomesche Wäert vu net-maartfäegen Gidder, wéi kulturell Institutiounen, ze ermëttelen. D’CVM-Method gouf vun Nobel­präisträger entwéckelt a gëtt zënter den 1980er Jore weltwäit benotzt an ass och virum Geriicht an den USA als Beweis unerkannt.

Wéi funktionéiert d’CVM?

D’Participante ginn opgeruff, hypothetesch Froen ze beäntwerten, déi de Wäert vun der BnL an hire Servicer erëmginn. Verschidde Szenarie gi presentéiert, fir ze verstoen, wéi wichteg d’Bibliothéik fir d’Benotzer ass a wéi en ekonomesche Wäert si hinne bidd.

Wéi gëtt d’Etüd duerchgefouert?

D’Etüd gëtt a Kollaboratiounmat dem renomméierte Maart­fuerschungs­institut bms marketing research + strategy duerchgefouert.

bms marketing research + strategy

bms marketing research + strategy ass e renomméiert Maart­fuerschungs­institut mat iwwer 25 Joer Erfarung an der Rea­lisatioun vun inter­nationalen Etüden, mat Sëtz zu München. bms marketing research + strategy bidd personaliséiert Léisungen a fundéiert Analysen a verschiddene Beräicher, vu Marché­trends a Konsumente­virléifte bis hin zur Bestëm­mung vum monetäre Wäert vun net-maartfäege Gidder.

Als Member vun der ESOMAR (European Society for Opinion and Market Research) garantéiert bms marketing research + strategy, datt all Aarbechten den héchste Standarde vun der Fuerschungs­ethik entspriechen. Si schaffe mat verschiddene Branchen zesummen, fir präzis an zouverlässeg Donnéeën ze liwweren, déi Entreprisen an Institutioune fir strategesch Ent­scheedungen notzen.

  • Grënnungsjoer

    1995
  • Duerchgefouert Etüden

    3000 +
  • Fuerschungsfelder

    10 +

Maach elo mat!

Nom Ofschloss vun der anonymer Ëmfro hues Du d’Méiglechkeet, Deng Kontakt­informatiounen ze hanner­loossen, fir un engem Gewënn­spill deelzehuelen. Dës Donnéeë ginn aus­schliisslech fir d’Gewënn­ermëttelung a ‑benoriichtegung genotzt a stinn a kengem Bezuch zur Ëmfro.

Maach mat an hëllef eis, de Wäert vun der National­bibliothéik ze ermëttlen!

Elo un der Ëmfro deel huelen

Aktualiséiert den