Vu Gäert a Bicher

Typ:
Ausstellung
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Datum:
Vum 08.07.2023
bis den 17.02.2024
Sprooch(en):
Franséisch, Däitsch

Gäert sinn Plaze vun der Erhuelung a vun der Aarbecht, der Gestaltung an Disziplin, vum Wëssen an der Fantasie; si bereede gläichermoosse Freed a Pleséier, bidde Schutz an Notzen. Gäert sinn ofgegrenzte Raim vu Wuesstem a Verfall, an hire Formen an Zwecker esou villsäiteg wéi hir Notzer.

Déi am Titel Vu Gäert a Bicher ugedeiten Zweedeitegkeet Vu Gäert a vu Bicher oder Vu Gäert an de Bicher léisst d’thematesch Envergure vun dëser Ausstellung erkennen: Ausgewielten Dokumenter, vu Bicher an Zäitschrëften iwwer Gravuren, Pläng an Postkaarten, bis hin zu Lidder, illustréieren d’Diversitéit vun historeschen a fiktive Gäert; si entféieren an d’Welt vun der Gaardekonscht, vum Park bis bei de Schoulgaart, vum Klouschtergaart bis bei den Geméisgaart. Vun der Reklamm bis zur wäertvoller botanescher Illustratioun soll de Gaart nei erlieft ginn. Bis ewell net oder wéineg gewisen Dokumenter ginn nei Abléck an d’Natur an d’Virstellungen, déi mir mat Gäert verbannen; si invitéieren op e Spadséiergang duerch d’Sozial-, Wëssenschafts- a Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg an.

Zu dëser Ausstellung hunn esouwuel Mataarbechter vun der Nationalbibliothéik, der Universitéit, wéi och vun anere Kulturinstituter bäigedroen andeems si de Gaart aus enger natur-, konscht- a literaturwëssenschaftlecher, historescher a kulturgeschichtlecher oder bibliothekarescher Perspektiv betruecht hunn. Dorausser entstanen ass e faarwege Florilege vun ënnerschiddleche Bäiträg. Obwuelde Schwéierpunkt eendeiteg op eiser Luxemburgensia-Sammlung an de Spezialsammlungen, wéi der Plakat- a Postkaartesammlung, der Sammlung vu Kaarten, Pläng, Atlassen a Vuen, der Ephemerasammlung, der Musekssammlung oder der Sammlung vu raren a wäertvolle Bicher läit, hu mir net wëlles eng Kulturgeschicht vum Gaart zu Lëtzebuerg oder eng systematesch Iwwersiichtsaarbecht dovunner ze schreiwen. Esou hu mir och Beispiller aus dem sougenannte Fonds ancien, dee Bicher ouni Bezuch zu Lëtzebuerg vu virun 1800 enthält, an aus dem Bestand vun auslänneschen Zäitschrëften an eiser Auswiel berécksiichtegt a bannen all dëst zu engem faarwege Biller- a Buschtawebouquet - a mir ginn zou, mir hate vill Freed dobäi.

D’Ausstellung a virtueller Realitéit entdecken