Pressecommuniqué
Nei Inhalter op eluxemburgensia.lu
D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (BnL) deelt mat, datt 2 700 digitaliséiert Wierker op eluxemburgensia.lu disponibel gemaach goufen. Dës kënnen allerdéngs nëmmen am Liessall consultéiert ginn.
Dës Publikatiounen, vun deenen déi meescht nach am Handel disponibel sinn, ëmfaassen esouwuel zu Lëtzebuerg publizéiert Wierker wéi och Titelen, déi am Ausland erausgi goufen an e Bezuch zu Lëtzebuerg hunn.
Am Aklang mat der gülteger Gesetzgebung ass d’BnL verflicht, den Accès zu dësen digitaliséierten Dokumenter op hire Liessall ze limitéieren. Dës Moossnam fält an de gesetzleche Kader, deen et Bibliothéiken erlaabt, geschützte Wierker an engem spezifesche Raum zougänglech ze maachen, dëst am Respekt vun den Auteursrechter.
Dës Mise en ligne gouf an Zesummenaarbecht mat der Luxorr (Luxembourg Organization for Reproduction Rights) an der Fédération des éditeurs luxembourgeois realiséiert. Si dréit dozou bäi, d’Zougänglechkeet, d’Visibilitéit an d’Erhale vun engem transnationale Patrimoine ze stäerken.
Aktualiséiert den