15 Studenten schléissen d’BnL Summer School 2025 of

De Summer-Trainingsprogramm vun der BnL

Vum 4. bis den 6. August huet d’Nationalbibliothéik eng nei Editioun vun hirer Summer School organiséiert, déi speziell fir fortgeschratt Studenten a jonk beruffstäteg Persounen am Bibliothéiks­wiesen konzipéiert war – mat engem Schwéierpunkt op d’Katalogiséierung.

Am Laf vun dësen dräi Deeg kruten d’Participanten en detailléierten Abléck an d’Normen, d’Outilen an d’Best Pratices an der Katalogiséierung. De Schwéier­punkt louch op hirer Uwendung am Kontext vun engem Bibliothéiks­réseau a vun engem integréierte Bibliothéiks­management­system.

D’Participante vun der BnL Summer School 2025.

Esou wuel an Ateliere ewéi och am Austausch mat Experten konnten Theorie a Praxis verbonne ginn. Eng Visitt vun der Bibliothéik op Rieder Bicherbus, souwéi e Bléck hannert d’Kulisse vun der BnL hunn dës Erfarung ergänzt.

Nieft de Formatiounsmoduler, hu méi locker Momenter d’Geleeënheet gebueden, sech mat Fachleit aus dem Secteur auszetauschen – besonnesch bei engem Iessen an de Raimlechkeete vun der BnL.

Mat dëser Initiativ ënnersträicht d’BnL hiert Engagement, jonke Generatiounen d’Herausfuerderunge vun de Bibliothéiken méi no ze bréngen an d’Beruffungs­bewosstsinn an dësem Domaine ze fërderen.

Aktualiséiert den