Pressecommuniqué
An der renomméierter Zäitschrëft Bibliothek und Wissenschaft ass de Sammelband Verboten, beschlagnahmt, geraubt. NS-Bibliothekspolitik und -praxis in Europa / Banned, Confiscated, Looted. Nazi Library Policy and Practice in Europe vum Claude D. Conter a Jean-Marie Reding erauskomm. De Band ëmfaasst 15 Bäiträg iwwert d’NS-Bibliothéikspolitik a -praxis an Europa, déi aus enger Konferenz ervirgaange sinn, déi d’Nationalbibliothéik vum 27. bis den 29. Oktober 2022 organiséiert hat.
Wärend d’Bibliothéikslandschaft am „Drëtte Räich”“ schonn am Fong analyséiert gouf, feelt bis haut eng europäesch Perspektiv op d’Bibliothéikslandschaft an deene vun Nazi-Däitschland annektéierten, besaten a regéierte Gebidder. Elo leie Resultater dozou vir vu Frankräich bis an d’Ukrain a vum Baltesche Raum bis a Griicheland.
Gläich dräi Bäiträg befaasse sech mat Lëtzebuerg: de Michael Knoche geet der Fro no, wéi d’Deutsche Bücherei an der Zäit vum Nationalsozialismus probéiert huet, dat „onerwënschte“ Schrëfttum vu Lëtzebuerg ze erfaassen; de Claude D. Conter analyséiert den Transformatiounsprozess vun der Landesbibliothéik wärend dem Zweete Weltkrich an de Jean-Marie Reding beschreift déi Lëtzebuerger Bibliothéikslandschaft tëscht 1940 an 1944.
De Band gouf am Open Access publizéiert a ka gratis online consultéiert ginn.
Aktualiséiert den