Pressecommuniqué
De GovTech Lab Lëtzebuerg huet seng nei Innovatiounspartnerschaft „Bot4Lib“ gestart. Mat dësem Appel à solutions sicht de GovTech Lab no enger innovativer Léisung fir d’Automatiséierung vun der Inventariséierung vum Liessall vun der Nationalbibliothéik Lëtzebuerg.
Den Ament gëtt d’Inventariséierung manuell realiséiert an erfuerdert vill Zäit an eng grouss Unzuel u Mataarbechter.
Déi proposéiert Léisung ëmfaasst en autonome Roboter, dee mat engem intelligente System fir d’Dokumentenerkennung verbonnen ass. Dëse Roboter wäert sech an den ëffentleche Beräicher beweegen an all Dokument mathëllef vu Computer Vision identifizéieren. De Roboter wäert déi gesammelt Donnéeën un e Gestiounssytem weiderleeden, wat et dem Personal vun der BnL an engem leschte Schrëtt erméiglecht, eventuell Feeler ze korrigéieren.
Interesséiert Entreprisen, déi u „Bot4Lib“ deelhuele wëllen, sinn invitéiert den Appel à solutions um Portail des marchés publics ze consultéieren an hire Kandidatursdossier bis spéitstens den 30. Januar 2025 anzereechen.
Aktualiséiert den