Pressecommuniqué
Am Kader vun engem Accord, deen den 27. Januar 2021 tëscht dem Lëtzebuerger Staat an dem Consistoire israélite vu Lëtzebuerg ënnerschriwwe gouf, gëtt an dräi nationale Kulturinstitutiounen, dorënner och an der BnL, Provenienzfuerschung iwwer Konschtwierker an anert Kulturgidder duerchgefouert.
De Fuerscher Marc Adam Kolakowski vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) gouf beoptraagt, eng ausféierlech Etude iwwer d’Provenance vun de BnL-Kollektiounen duerchzeféieren. Dës Demarche baséiert op de Prinzippie vun der Washingtoner Konferenz vum 3. Dezember 1998 (Washington Conference Principles on Nazi-Confiscated Art) an der Deklaratioun vun Theresienstadt vum 30. Juni 2009. Dokumenter, déi als spoliéiert identifizéiert ginn, wäerten am Aklang mat dësen internationalen Ofkommessen zréckgi ginn.
An dësem Kontext ginn all d’Dokumenter vun der BnL, déi zum net-lëtzebuergesche Fong gehéieren a virun 1945 verëffentlecht goufen, analyséiert. D’Bicher ginn suergfälteg op Provenienzzeechen, wéi Exlibris, Widmungen, Besëtzinscriptiounen oder Stempel, iwwerpréift. Iwwer 50.000 Dokumenter gi vu Mëtt September 2024 un gepréift, wat dozou féiere kéint, datt verschidde Wierker wärend dëm Zäitraum vun der Préiwung net ausgeléint kënne ginn.
Aktualiséiert den