ebooks.lu erweidert seng Offer mat Onleihe Déi däitschsproocheg Plattform fir digitaalt Liesen

Den E-Book-Service ebooks.lu huet seng Offer mat enger Partnerschaft mat der däitscher Plattform Onleihe erweidert.

D’Notzer hunn elo Zougang zu enger grousser Auswiel u Ressourcë mat iwwer 2.000 gratis verfügbaren E-Books. Dës Offer ergänzt déi scho beandrockend Sammlung vu 5.000 franséischen an 9.000 englesche Bicher, souwéi 2.000 Lauschterbicher a verschiddene Sproochen.

D’Partnerschaft mat Onleihe ass e bedeitende Fortschrëtt fir jonk an erwuesse Lieser. Am Géigesaz zum fréiere Fournisseur Ciando, deen am Juli desaktivéiert gëtt, bitt Onleihe eng einfach an intuitiv App un, déi vergläichbar ass mat der App Libby by Overdrive fir englesch­sproocheg E-Books. Béid Appe garantéieren eng agreabel Prêt- a Lieserfarung.

Fir dës nei Offer ze notzen, musst Dir just an enger vun den 13 Partner­bibliothéiken ugemellt sinn, d’Onleihe App op Ärem Android/iOS Smartphone oder Tablet eroflueden an Iech do mat Ärem Lieserkonto identifizéieren. Bei dem Pocketbook an dem Tolino Liesapparat, ass d’Onleihe-Bibliothéik schonns integréiert, sou datt Dir Adobe Digital Editions net méi benotze musst.

Notzer déi de Moment däitsch E-Books iwwer d’Ciando-Plattform ausgeléint hunn, kënnen hier Lecture weiderféieren. Den Iwwergank vu Ciando op Onleihe huet keen Effet op lafend digital Prêten.

Gläichzäiteg entwéckelt sech d’Overdrive-Websäit, enger Plattform fir englesch sproocheg E-Books, weider an iwwerhëlt den Design an d’Funktioune vun der Libby by Overdrive-App. Den Haaptvirdeel dovun ass dat elo d’Prêten an Äre Liesprogrès vun engem Buch tëscht der Websäit an der App synchroniséiert ginn.

Zougrëff via a-z.lu

Iwwer ebooks.lu

Mat ebooks.lu kënnt Dir E-Books an Lauschterbicher op Däitsch, Englesch a Franséisch gratis ausléinen. D’Offer gouf 2015 op Initiativ vum Conseil supérieur des bibliothèques an der Nationalbibliothéik lancéiert. De Konsortium Lëtzebuerg an d’IT-Divisioun vun der Nationalbibliothéik këmmeren sech ëm d’Ëmsetzung an d’Gestioun vun dësem Service. Si schaffen an enker Zesummenaarbecht mat den deelhuelenden ëffentleche Bibliothéiken.

Aktualiséiert den