Éischten Archiv vun engem Jazzmann am Cedom deposéiert Fonds Marc Mangen

Musekssammlung vum Cedom

De Lëtzebuerger Komponist a Jazzpianist Marc Mangen, unerkannt fir seng Kreativitéit an Innovatioun, huet seng Wierker viru kuerzem am Centre d’études et documentation musicales (Cedom) vun der Nationalbibliothéik deposéiert.

D’Sammlung enthält eng grouss Auswiel u Kompositioune vum Museker, dorënner Jazz-Stécker, Wierker déi hie fir seng eege Jazzgrupp Afrodisax geschriwwen huet, Wierker fir Big Band, Chorallen an Uergelmusek.

Zu den notabele Kompositioune gehéieren ë.a. déi, déi speziell fir säi Jazz-Ensembel Afrodisax erstallt goufen, wéi The Ballad of the Solitary Bird, A Life out of Balance souwéi d’Stéck Forests Ancient as the Hills, komponéiert fir den Orchestre National de Jazz du Luxembourg. Presseausschnëtter, déi déi artistesch Evolutioun vum Marc Mangen dokumentéieren, ergänzen den Depot.

Den Inventar vum Fonds Marc Mangen ass online iwwer d’a-z.lu Sichmaschinn mam Stéchwuert „Fonds Mangen“ zougänglech. All d’Inventairë vun der Musekssammlung vum Cedom kënne mam Stéchwuert „Fonds musicaux“ fonnt ginn an andeems Dir de Filter „Fonds d’archives“ an der Rubrik „Type de document“ aktivéiert.

De Marc Mangen ass eng emblematesch Figur vum Jazz zu Lëtzebuerg a seng Carrière gouf duerch villsäiteg Zesummenaarbechte mat esou wuel national wéi och international renomméierte Kënschtler ënnerstrach, z.B. mam Boris Schmidt an Niels Engels (Marc Mangen Trio), Michel Reis (Piano), Ted Curson (Trompett), Emmanuelle Somer (Obo) an Uli Beckerhoff (Trompett). Seng Optrëtter als Jazzpianist an Solist hunn weltwäit e breet Publikum begeeschtert.

D’Nationalbibliothéik seet dem Marc Mangen Merci fir säi Vertrauen an de Cedom. Den Depot vum Fonds Marc Mangen, Jazzpianist, Organist a villsäitegem Komponist, deen zu sengen Liefzäiten gemaach gouf, huet et dem Cedom erméiglecht, seng Sammlung vu musikaleschen Archivfongen auszebauen, vu sougenannte „Klassiker“ bis hin zum Jazz. Dëst ënnersträicht der BnL hiren dauerhaften Engagement fir d’Erhalung an d’Fërderung vum Lëtzebuerger musikalesche Patrimoine.

Zougrëff via a-z.lu

Aktualiséiert