Entdeckt dat aktualiséiert Lëtzebuerger Webarchiv Stéchwuertsich an interaktiv Visualiséierung

Lëtzebuergesche Fong

D’Nationalbibliothéik ass houfreg, eng grouss Aktualiséierung vun hirem Webarchiv-Portal unzekënnegen! Nieft engem neien Interface, gouf och d’Sich iwwer Stéchwierder agefouert, esou datt d’Notzer net méi eng spezifesch URL antippe mussen an den archivéierte Lëtzebuerger Internet méi ausgibeg a méi am Fong entdecke kënnen.

Déi nei Sichmaschinn vum Webarchiv erméiglecht och eng verbessert Visualiséierung vun den Donnéën (z. B. a Form vun direkt generéierte Graphiken) an nei Filteroptiounen, déi et erliichteren, genau dat ze fanne, wat ee sicht. D’Notzer kënnen hir Sich no Biller, Dateitypen, Sprooch a Joer agrenzen, wat Fuerscher, Historiker an Interesséierte méi Optioune bitt.

Am Kader vun hirer Missioun fir den digitale Patrimoine vum Land ze erhalen, konservéiert d’Nationalbibliothéik nieft verschidde gedréckte Publikatiounen och de Lëtzebuerger Web. Dofir féiert si reegelméisseg grouss Crawls an och geziilte Campagnen duerch. Zu de spezielle Sammlungen, déi et ze entdecke gëtt, gehéieren d’Gemengen-, d’National- an d’Europawalen, mee awer och d’Websäiten iwwer zu Lëtzebuerg organiséiert Festivaller , oder d’Internetsäite vu Presseorganer.

D’Archiv kann den Ament nëmmen iwwert d’Computeren am Bibliothéiksgebai consultéiert ginn.

Aktualiséiert den