Nei Inhalter elo op eluxemburgensia.lu disponibel „Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois“ an „Hémecht“

D‘Nationalbibliothéik luet d‘Notzer an, nei Inhalter um Portal eluxemburgensia.lu ze entdecken. Déi rezent Ausgabe vum Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois a vun der historescher Revue Hémecht  kann een elo gratis online consultéieren.

Déi nei Ausgaben erweideren d‘Sammlung vum Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois a vun der Hémecht, déi schonns am Joer 2015 respektiv 2020 digitaliséiert an online zougänglech gemaach goufen.

Wärend eeler Ausgabe vun der BnL réckwierkend digitaliséiert ginn, ginn déi nei an hirer digitaler Form gesammelt an op eluxemburgensia.lu eropgelueden. Et handelt sech hei ëm zwee verschidde Prozesser, déi sech awer ergänzen. Op des Manéier kann d‘BnL esou ausgibeg, wéi méiglech sinn, och wann dëse Prozess méi komplizéiert ass.

Säit méi wéi zwee Joerzéngten digitaliséiert d’BnL selwer Zäitschrëften, Zeitungen an historesch Wierker. Mat dem Opkomme vum Desktop-Publishing (DTP) besëtze Verläg schonn déi digital Dateie vun all hire Publikatiounen. Domadder entfält de Schrëtt vun der Digitaliséierung vu gedréckte Ressourcen ëmmer méi, wëll d’BnL d’Originaldateie vun de Verläg sammelen an op hire Portaler zur Verfügung stelle kann. Mee wat schnell an einfach schéngt, ass et awer net. Wärend bei Massendigitaliséierungsprojekter d’Standarden an d’Formater vun den Dateien am Viraus definéiert ginn, ass d’BnL bei "born-digital" Publikatiounen op d’Hëllef an d’Kollaboratioun vun de Verläg ugewisen, fir adequat Dateien ze kréien. Eng zweet Erausfuerderung besteet doranner, déi verschidden technesch Outilen ze fannen an ze geréieren, déi den Notzer den Zougang op dës Ressourcen erméiglechen. Wéinst hirer Heterogenitéit kann d’BnL dës Dateien net mat de selwechte Funktiounen ariichten, wéi hir historesch Pendanten.

Watt d'Revue Hémecht betrëfft, esou kann een d’Hefter 2/2021 bis 4/2022 just am Gebai vun der BnL online consultéieren. Dir froot Iech firwat? Och wann eng vun de Missioune vun der Nationalbibliothéik et ass, hir Sammlungen esou ville Mënsche wéi méiglech zougänglech ze maachen, muss si sech un d’Droits d'auteur halen. Dës gëllt besonnesch fir nei, digital Publikatiounen, fir déi en Ofkommes mat de Verläg an Auteure getraff muss ginn, éier si komplett zougänglech gemaach kënne ginn.

Aner Publikatioune wäerte geschwënn déi nämmlecht Demarche duerchlafen an no Bewäertung vun hiren technesche Mierkmoler an hirer Situatioun vun den Droits d’auteur online zur Verfügung gestallt ginn.

Aktualiséiert