De Mémorial A an C goufe vun der BnL digitaliséiert an online gesat Nei Inhalter op eluxemburgensia.lu

D’Nationalbibliothéik Lëtzebuerg freet sech, bekannt ze ginn, datt de Mémorial A an de Mémorial C elo online op der Plattform eluxemburgensia.lu disponibel sinn. Dës Initiativ ass e wichtege Schratt fir d’Conservatioun an d’ëffentlech Verbreedung vun der Geschicht vu legislativen Akte vu Lëtzebuerg. 650 000 digitaliséiert Säite goufen op eluxemburgensia.lu bäigesat.

De Mémorial A, d’offiziellt Blat Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, enthält all Gesetzgeebungs- a Veruerdnungsakten esou wéi aner Akten, déi déi allgemeng Ëffentlechkeet betreffen. E gëtt an däitscher a franséischer Sprooch, nom groussherzogleche kinneklechen Arrêté vum 22. Oktober 1842, deen d’Verëffentlechung vu Gesetzer reegelt, publizéiert. Andeems en elo online disponibel ass, kënnen d’Notzer an d’Vergaangenheet vu Lëtzebuerg andauchen an sech iwwer déi strategesch Entscheedungen, déi d’Land gepräägt hunn, informéieren.

De Mémorial A ukucken

De Mémorial C befaasst sech mat Handelsgesellschaften a Verbänn. E gouf ab Januar 1961 verëffentlecht. D’BnL huet d’Ausgabe vun 1961 bis 1995 digitaliséiert, déi elo online ugekuckt kënne ginn. D’Ausgaben ab 1996 fënnt een op der Websäit vu Legilux. Wëll de Mémorial C (1961-1995) vill perséinlech Informatiounen enthält, huet d’BnL am Respekt vum GDPR nëmmen d’Titele vun den Artikelen indexéiert. Ausserdeem kënne keng PDF-Dateie vun de jeeweilegen Ausgabe vun den Notzer erofgeluede ginn.

De Mémorial C ukucken

D’BnL huet och de an de Mémorial administratif de la Province de Luxembourg an de Recueil spécial online gesat.

De Mémorial administratif de la Province de Luxembourg kucken De Récueil spécial kucken

Aktualiséiert den