307 rezent Ausgabe vum d’Lëtzebuerger Land vun der BnL online gesat Nei Inhalter op eluxemburgensia.lu

D’Nationalbibliothéik luet d’Notzer an, 307 rezent Ausgabe vun der Lëtzebuerger Wochenzeitung d’Lëtzebuerger Land vun 2017 bis 2022 ze entdecken, déi gratis op eluxemburgensia.lu consultéiert kënne ginn.

Dës nei Ausgaben erweideren d’Sammlung, déi schonns 2013 online gesat gouf. Dës enthält Ausgabe vun 1954 bis 2007. Wärend eeler Ausgabe vum Land vun der BnL réckwierkend digitaliséiert ginn, ginn déi nei an hirer digitaler Form gesammelt an op eluxemburgensia.lu eropgelueden. Et handelt sech hei ëm zwee verschidde Prozesser, déi sech awer ergänzen. Op des Manéier kann d’BnL esou ausgibeg, wéi méiglech sinn, och wann dëse Prozess méi komplizéiert ass.

Säit méi wéi zwee Joerzéngten digitaliséiert d’BnL selwer Zäitschrëften, Zeitungen an historesch Wierker. Mat dem Opkomme vum Desktop-Publishing (DTP) besëtze Verläg schonn déi digital Dateie vun all hire Publikatiounen. Domadder entfält de Schrëtt vun der Digitaliséierung vu gedréckte Ressourcen ëmmer méi, wëll d’BnL d’Originaldateie vun de Verläg sammelen an op hire Portaler zur Verfügung stelle kann.

Mee wat schnell an einfach schéngt, ass et awer net. Wärend bei Massendigitaliséierungsprojekter d’Standarden an d’Formater vun den Dateien am Viraus definéiert ginn, ass d’BnL bei “born-digital” Publikatiounen op d’Hëllef an d’Kollaboratioun vun de Verläg ugewisen, fir adequat Dateien ze kréien. Eng zweet Erausfuerderung besteet doranner, déi verschidden technesch Outilen ze fannen an ze geréieren, déi den Notzer den Zougang op dës Ressourcen erméiglechen. Wéinst hirer Heterogenitéit kann d’BnL dës Dateien net mat de selwechte Funktiounen (z. B. Inhaltsverzeechnesser oder Bildlegenden) ariichten, wéi hir historesch Pendanten. D’BnL schafft dorunner, dës Funktiounen an Zukunft ze verbesseren an ze erweideren, besonnesch mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz.

Wat d’Wochenzeitung d’Lëtzebuerger Land betrëfft, esou kënnen d’Lieser op d’Joren 1954 bis 2007 an op d’Ausgabe vum Januar 2017 bis Dezember 2022 zougräifen. Fir d’Ausgabe vun 2008 bis 2016 besëtzt d’BnL keng digital Dateien, esou datt déi nach réckwierkend digitaliséiert musse ginn. Dëst wäert Deel vun enger vun den zukünftege Massendigitaliséierungskampagne vun der BnL sinn.

Zougrëff via eluxemburgensia.lu

Aktualiséiert