D'Dafschäiner vun dräi neie Rousestäck goufen der BnL iwwerginn Patrimoine Roses pour le Luxembourg

Ephemerasammlung

D’Asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg huet der Nationalbibliothéik d'Dafschäiner vun de Rousen „Stand, Speak, Rise Up !“, „Mémoire de Wiltz“ a „Red Fire, syn. Paul Wurth“  iwwerginn. D'Aufgab vun dësen 2022 agefouerte Rousen ass et, e symbolescht Zeechen aus der Natur ze setze fir en Ulass, dee vun allgemenger Bedeitung ass, wéi z.B. d'Ënnerstëtzung vum Kampf géint e Krichverbirechen, d'Erënnerung un widderstandsfäeg a couragéis Diktaturgéigner oder och international industriell Succèsen.

Mat der Iwwergab vum Dafschäi vum Rousestack mat den Originalënnerschrëfte vun der Giedel, dem Pätter an den Zeien, wëll Patrimoine Roses pour le Luxembourg d’Ëffentlechkeet nohalteg fir dat aktuellt Opliewe vun der Rousenzuucht an un d’Leeschtunge vun de lëtzebuergesche Rousenziichter vu virun iwwer 100 Joer sensibiliséieren. De Patrimoine vun de Rouse kënnt ëmmer méi nees zréck an eis Käpp, Häerzer a Gäert.

Déi nei Dokumenter wäerten d’Ephemerasammlung vun der BnL beräicheren. Dës Sammlung enthält schonn d’Dafschäiner vun de Rousestäck Anise Koltz (2018), Anne Beffort (2019), Pierre d'Aspelt (2021) a Prënz Guillaume, Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg (2021). Mir weisen dorobber hin, datt d’BnL sëlleg Dokumenter aus der Rousenzäit (19. bis Ufank vum 20. Joerhonnert) an hirem Lëtzebuergesche Fong huet, déi iwwer a-z.lu gesicht kënne ginn.

„Stand, Speak, Rise Up !“ ass eng Floribunda-Rous mat eenzelen, wäisse Bléien aus deenen en bemierkenswäert granatrout Häerz erausstécht, dat typesch fir d'Rosa persica-Zorten ass. D'„Mémoire de Wiltz“ ass eng Landschaftsrous mat charmanten eenzele Bléien, gëllene Staubgefässer a Bléien, déi vu Korallerout op en hellt Purpurrout wiesselen. „Red Fire, syn. Paul Wurth“ ass e moderne Rousestack, deen a Bouquete vu roude Bléie mat gieler Mëtt a gezacktem Rand bléid.

Bestellungen ënner: contact@patrimoine-roses.lu

Aktualiséiert