Noriichten
Dësen August organiséiert d’Nationalbibliothéik eng nei Editioun vun hirer Summer School. D’BnL Summer School 2025 gouf speziell fir fortgeschratt Studenten a jonk Mënschen, déi säit kuerzem am Bibliothéikswiesen schaffen, entworf a setzt de Schwéierpunkt op d’Katalogiséierung.
Am Laf vun dräi Deeg kréien d’Participanten en déifgräifenden Abléck an déi wichtegst Normen, Outilen a Best Practices fir d’Katalogiséierung am Kontext vun engem Bibliothéiksréseau an engem integréierte Bibliothéiksmanagementsystem. Duerch praktesch Atelieren an den Austausch mat Experten hunn si d’Méiglechkeet, hir Katalogiséierungskenntnisser ze verbesseren an an d’Praxis ëmzesetzen.
D’Umeldunge gi bis den 11. Mee 2025. Umeldungen, déi no dësem Datum erakommen, gi net consideréiert.
D’Nationalbibliothéik ass den Haaptacteur vum bibliothekarëschen Ökosystem zu Lëtzebuerg. Am Kader vun hirer Visioun 2030 – D’BnL um Wee vun der Transformatioun engagéiert si sech fir d’Promotioun vun den informatiounswëssenschaftleche Beruffer duerch Aktivitéiten, Stagen, Beruffsausbildungen, Wieder- an Éischtausbildungen.
Aktualiséiert den