Noriichten
D’Nationalbibliothéik annoncéiert erweidert Ëffnungszäiten. Vum 31. Mäerz 2025 un ass de Liessall vu méindes bis freides vun 10.00 bis 20.00 Auer op, a samschdes vun 10.00 bis 18.00 Auer. War e virdru méindes nëmmen nomëttes zougänglech, kënne Visiteuren elo de ganzen Dag iwwer recherchéieren, léieren an eis Kollektiounen entdecken.
Och wann den Accueil, an d’Guichete vum Prêt a vum Renseignement méindes zou bleiwen, stinn awer automatesch Borne fir de Prêt an de Retour zur Verfügung. Ausserdeem kënnen d’Notzer wéi gewinnt eis Online-Déngschter an Usproch huelen, wéi z. B. d’Aschreiwung iwwer MyGuichet oder d’Reservéiere vu Grupperaim (mat Ausnam vum Museksraum).
D’BnL ass eng lieweg Plaz, déi Studenten, Fuerscher a Kulturinteresséiert unzitt. An de leschte Jore sinn d’Visiteurszuele kontinuéierlech geklommen, e klore Beweis fir déi wuessend Nofro no eise Servicer. Mat den erweiderten Ëffnungszäite wëlle mir eisen Notzer nach méi Flexibilitéit bidden an nach besser op hir Besoinen agoen.
Aktualiséiert den