Noriichten
Sidd Dir op der Sich no Inspiratioun? All Mount widmen sech eis Chargés de collections engem bestëmmten Thema unhand vun enger Auswiel un Dokumenter aus de Fonge vun der Nationalbibliothéik. Entdeckt am Abrëll eis Selektioun zum zum Thema Literaturverfilmungen!
D’komplex Relatioun tëscht Literatur a Film kann een nëmme als Haass-Léift beschreiwen – zwee Sträitmécher, déi weder mateneen nach ouni enee kënne liewen. Schonn de Filmpionéier Georges Méliès huet op de Shakespeare an d’Bridder Grimm zeréckgegraff, fir Inspiratioun fir seng Filmer ze fannen. D’Interdependenz vun dësen zwee Konschtforme bleift bis haut siichtbar: Schätzungen no baséieren ongeféier 30 Prozent vun den haitege Filmer op literaresche Wierker, an 80 Prozent vun den (engleschsproochege) Bestsellere gi verfilmt. De Filmwëssenschaftler Timothy Corrigan zitt dës Konklusioun: „From the late nineteenth century to the present these two ways of seeing and describing the world have at different times despised each other, redeemed each other, learned from each other, and distorted each other’s self-proclaimed integrity.“
Wéinst der oniwwersiichtlecher Flut u Literaturverfilmungen ass et schwéier, wann net onméiglech, eng representativ Auswiel ze treffen. Hei stellt sech d’Fro, wat iwwerhaapt eng gelongen Adaptatioun ausmécht: Kënnen filmesch Biller d’Ambivalenz an d’Villschichtegkeet vum literaresche Schreiwen afänken? Wat geet verluer, wann e Wierk vun engem Medium an dat anert iwwersat gëtt – a wat gëtt dobäi gewonnen? Sinn aussergewéinlech Literaturverfilmungen éischter trei Adaptatiounen oder fräi Interpretatiounen?
Op dës Froe ginn et keng eenzeg a kloer Äntwerten. An dat ass och gutt esou. Villméi sollen d’Wierker, déi hei ausgestallt sinn, d’Vilfalt an d’Kreativitéit vum Dialog tëscht Film a Literatur reflektéieren. Besonnesche Wäert gouf drop geluecht, eng sou breet gefächert Auswiel wéi méiglech ze weisen – mat Wierker aus dem europäeschen, amerikaneschen an asiatesche Kulturkrees. Genee sou divers sinn d’Filmgenre vertrueden: Vum Biergsteigerdrama (Le sommet des dieux) iwwer Science-Fiction (1984) bis zur schwaarzer Komedie (Trainspotting) oder dem Justizdrama (To Kill a Mockingbird) ass fir all Goût eppes dobäi. Schlussendlech si mat Perl oder Pica a Schacko Klak och Lëtzebuerger Literaturverfilmunge präsent.
Dir fannt dës Selektioun am Espace découverte um Rez-de-chaussée vum Liessall. Wann Iech ee vun dësen Dokumenter interesséiert, kënnt Dir et einfach aus dem Regal huelen. Si kënnen alleguer op der Plaz consultéiert an/oder ausgeléint ginn. Vill Freed beim Liesen!
Aktualiséiert den