Nei automatesch Ofhuelstatioun fir Är Prêten elo disponibel!

Mir freeën eis, eisen Notzer en neie prakteschen Déngscht vun der Nationalbibliothéik virstellen ze dierfen. Eis automatesch Ofhuelstatioun ass ab elo um Parvis vun der Bibliothéik a Betrib a bitt eng flexibel an effizient Méiglechkeet, Är reservéiert Dokumenter ofzehuelen. Fir dëse Service, deen änlech wéi Post-Statioune funktionéiert, ze notzen, braucht Dir just Är Bibliothéikskaart.

Fir en Dokument ze reservéieren, gitt Är Bestellung wéi gewinnt iwwert den a-z.lu-Portal op. Wann en Dokument fir d’automatesch Ofhuelung disponibel ass, gëtt dës Optioun bei der Bestellung ugewisen.

Benotzeruewerfläch vun a-z.lu, déi d’Auswiel vun enger Ofhuelplaz fir d’Reservatioun vun engem Dokument uweist.

Esoubal Är Medie prett leien, kritt Dir eng Benoriichtegung per E-Mail. Dir hutt dann 7 Deeg fir se bei d’Statioun virun der Bibliothéik sichen ze kommen, déi 24/7 zougänglech ass.

Denkt wgl. drun, Är BnL-Biblothéikskaart matzehuelen, wann Dir Iech fir d’automatesch Ofhuelung entscheet. Si ass noutwenneg fir Zougrëff op d’Statioun ze kréien. Fir déijéineg, déi sech eng perséinlech Betreiung wënschen, stinn eis traditionell Guichete weiderhin zur Verfügung.

Aktualiséiert den